100.000.- Euro stinn um Spill"Ich bin ein Star - Holt mich hier raus

Patrick Greis
Mirja du Mont, Stephen Dürr a Patrick Homer ënnert de Camper
© RTL

Héichtenangscht, Angscht virun eeklegem Iessen a Gedrénks oder eng Phobie géint Spannen an anert Gedéiesch hëllefen net onbedéngt fir d’Dschungelkinnek oder -kinnigin ze ginn. Awer dat sinn déi Schwieregkeeten op déi 12 däitsch Promien wärend gutt zwou Wochen am australeschen Dschungel stoussen an d’Kameraen si permanent op si geriicht. Ënnert hinnen och d’Mirja du Mont, déi als Actrice zwar d’Kamerae gewinnt ass, awer net am Privatliewen. Nieft Filmer wéi ‘7 Zwerge - Der Wald ist nicht genug’ huet ee si an der RTL-Soap ‘Unter uns’ gesinn oder an der RTL-Show ‘Die Verräter’ wou d’Actrice et wäit bruecht huet. War et wichteg dass hiert Ëmfeld hire Choix, an den Dschungel ze goen, ënnerstëtzt?

“Ich weiß, wie ich mit der Angst umgehen müsste, wenn sie einen überkommt.”

“Der eigene Kopf kann einem ganz schön Scheiße vorspielen. Ich höre lieber auf meinen Bauch und mein Herz.”

“Ich will mir im Dschungel beweisen, dass ich genau das kann, was ich glaube zu können.”

Mirja du Mont - Kanner sinn derfir

De Stephen Dürr war och a 500 Episoden vun ‘Unter uns’ derbäi. 7 Joer huet hien an der ARD-Serie ‘In aller Freundschaft’ gespillt. De Papp vun de 16 Joer alen Zwillingen Lillly an Amelie hat no der Gebuert eng TV-Paus gemaach. Bei de Preparativen op d’TV total Turmspringen’ hat hie sech 2012 schwéier blesséiert, 2016 war hien eelefte bei ‘Promi Big Brother’ ginn an zanter 2024 séngt hien och. Léisst e sech op Diskussioun beim Lagerfeier an?

© RTL

“Der Dschungel ist auch ein mentaler Urlaub für mich, um von meinen Teenager-Töchtern weg zu sein.”

“Wählt mich gerne in die Dschungelprüfungen.”

“Wenn ich irgendwann die Handbremse ziehe, um mich selbst zu schützen, könnte das anderen missfallen.”

“Bei Ungerechtigkeit gehe ich in die Verteidigung, selbst auf die Gefahr hin, mir damit zu schaden.”

“Beim Dschungelcamp gehst du als Gewinner oder krasser Verlierer raus – davor habe ich Respekt.”

Stephen Dürr - vill Diskussiounen

An da wier do nach de Patrick Romer, deen ee vläicht schonn aus ‘Bauer sucht Frau’ kennt. Do hate sech deemools 10.000 Single-Dammen gemellt fir de Mann op sengem Haff zu Konstanz ze besichen. An där Sendung huet hien d’Antonia Hemmer kennegeléiert, mat deem hien ‘Das Sommerhaus der Stars’ gewonnen huet. E stoung doropshin an der Kritik an hat sech fir ‘Das grosse Promibüssen’ ugemellt. Do huet hien 2023 d’Annelie Henze kennegeléiert an zanterhier si si eng Koppel. Hie spillt Akkordeon a Gittar a freet sech op den Dschungel, mee huet och déiwe Respekt vrun deem wat hien erwaart.

© RTL

“Vor dem Schlafentzug im Dschungel habe ich Respekt. Das macht mich mürbe.”

“Dschungelprüfungen? Ich esse alles, ich trinke alles, ich schlucke alles und ich krieche überall durch.”

“Zum Thema ‘Sommerhaus’ möchte ich mich im Dschungel äußern und auch mal meine Sicht der Dinge erzählen.”

“Nach dem ‘Sommerhaus’ musste ich mir dutzendfach anhören, ich sei ein Narzisst. Irgendwann hinterfragt man sich natürlich selbst und setzt sich damit auseinander.”

“Für mich wird es schwierig werden, Dschungelkönig zu werden. Da bin ich auch realistisch.”

Patrick Romer - Respekt

Muer um 20h15 ass et endlech souwäit an et gesäit een déi 12 Promien zesummen, wa se fir d’éischt e Fouss an de Camp setzen. Nieft de 17 Sendungen gëtt et och ëmmer direkt duerno den Debriefing live op RTL, an et gëtt de Podcast mam Maribel de la Flor a prominenten Invitéeën.

Back to Top
CIM LOGO