Et geet ëm d'Kroun "Ich bin ein Star – Holt mich hier raus!"

Patrick Greis
Ariel, Hubert Fella an Umut Tekin sinn derbäi
© RTL

De Countdown fir 12 nei Camper am australeschen Dschungel leeft. E Freideg um 20h15 geet et lass. Kee weess wat e genee erwaart, ausser dass et Räis a Bounen z’iessen gëtt wann d’Challenge net gepackt ass a keng Stären agesammelt ginn. Bis bei d’Dschungelkroun ass et e beschwéierlechen Wee, deen och den Hubert Fella geet. Hubert wien? Den Hubert Wilhelm Fella ass 2011 duerch d’Doku-Soap ‘Ab ins Beet’ bei VOX bekannt ginn, an elo gesäit een hie reegelméisseg bei ‘Hot oder Schrott’. Mat sengem Partner Matthias Mangiapone war hie schonn am ‘Sommerhaus der Stars’ an elo de Ritterschlag.

“Der Dschungel ist ein Ritterschlag. Mehr kannst du nicht erreichen!”

“Die Menschen mögen mich, egal wo ich bin.”

“Ich bin Diabetiker Typ 1 und muss spritzen. Mir geht es aber im Moment blendend.”

Hubert Fella - endlech

D’Ariel kënnt aus der Schwäiz a kreéiert Content op Social Media mat Fokus op Lifestyle, Famill, Mental Health a si gëtt gären authentesch Ablécker an d’Liewen. Sou gesäit déi jonk Mamm sech selwer, där hire Papp viru kuerzem u Kriibs gestuerwen ass. Mat 22 ass d’Ariel déi Jéngst am Camp, mee se huet awer schonn genuch Erfarung am Reality-TV gesammelt, bei ‘Love Fool’ a ‘Prominent getrennt’.

© RTL

“Ich bin nicht nur lustig, sondern auch eine starke Frau.”

“Ich habe ein großes Ego und bin eine schlechte Verliererin.”

“Ich bin 50 Prozent Diva und 50 Prozent Mami.”

“Mit mir kann es knallen!”

Ariel - Chance

An och den Umut Tekin ass e richtegen Reality-Star. 2022 war hie bei der ‘Bachelorette’. Duerno koum ‘Bachelor in Paradise’ wou hien d’Jana-Maria Herz kennegeléiert huet. 1 Joer méi spéit e Säitesprong mam Emma Fernlund bei ‘Temptation Island VIP’. Als Koppel ware si bei ‘Sommerhaus der Stars’ a spéider an der Vox-Doku ‘Wo die Liebe hinfällt’. Den Umut war awer och scho bei ‘Love Island VIP’ an ‘Good Luck Guys’ fir nëmmen déi ze nennen. Awer den Dschungel ass nach emol eng aner Klass. A wéi enger Roll am Camp gesäit hie sech?

© RTL

“Der Dschungel ist mein größter Traum!”

“Es wird mit Sicherheit auch im Camp Menschen geben, die sagen, ich fühle mich von Umut getriggert.”

“Ich vertraue im Camp niemandem!”

Umut Tekin - Roll am Camp

Wou d’Fonke fléien a bei wiem Gefiller entstinn. Wie sportlech toppfit ass, wie sech am Grupp upasse kann a wien desagreabel opfält dat gesäit ee vun e Freideg un live um 20h15 bei RTL, an duerno kënnt all Owend ‘“Ich bin ein Star – Holt mich hier raus! Die Stunde danach”, wou nach emol alles diskutéiert gëtt. Den Dschungelsong kënnt dëst Joer vum Melanie C an heescht ‘Sweat’

© Charles Dennington

Back to Top
CIM LOGO