Dëst Joer 2 Campen "Ich bin ein Star – Holt mich hier raus!"

Patrick Greis
mam Eva Benetatou, Samira Yavuz an Nicole Belstler-Boettcher
© RTL

Haut leeft déi 19t Staffel vun ‘Ich bin ein Star - Holt mich hier raus! un an d’Sonja Zietlow an de Jan Köppen kréien d’Méiglechkeet nees op hier gewinnt bësseg an amusant Manéier duerch 17 Sendungen ze féieren. Vun sametten Händschen a Fangerspëtzegefill keng Spuer, dofir eekleg Prüfungen, groussen Honger, keng Zigaretten a kee léift Wuer.

12 Dschungelkandidaten kommen den Owend um 20h15 an den Asaz. 6 Männer a 6 Fraen. An zemol bei zwou Fraen gëtt sech Kaméidi erwaart. An do ass d’Eva Benetatou eppes wéi eng Schlaang. D’Influencerin déi scho bei ‘Promi Big Brother’, ‘Sommerhaus der Stars’ oder ’50 Dates’ Experienz am Reality-TV gesammelt huet, bleift kengem eng schëlleg an huet och de Säitesprong mam Serkan Yavuz zouginn.

“Ich möchte Facetten von mir zeigen, die ganz vielen Menschen bisher verborgen geblieben sind.”

“Ich habe den ein oder anderen Fehler gemacht und Menschen verletzt.”

“Ich habe niemanden umgebracht, aber manchmal fühle ich mich so, als hätte ich jemanden erschossen.”

“Ich bin mir sicher, dass ich sehr oft in die Dschungelprüfung gehen werde…"

“Aufgeben ist für mich keine Option.”

Eva Benetatou - Chance

d’Eva Benetatou huet dem Samira Yavuz de Mann ausgespaant. D’Drogistin ass op Social Media ganz aktiv a war 2017 bei ‘Bachelor in Paradise’ an zwee Joer méi spéit bei ‘Sommerhaus der Stars’. Den Dschungel ass eng gutt Geleeënheet knaschteg Wäsch an aller Ëffentlechkeet ze wäschen, a mat de Kontrahentinnen ofzerechnen, zemol wa se sou nobäi sinn.

© RTL

“Die Bedingungen im Dschungel werden mich an meine Grenzen bringen.”

“Ich bleibe am Feuer sitzen, egal wie unangenehm der Dschungel wird. Ich bin keine Aufgeberin!”

Samira Yavuz - Ex’en

Aus engem ganz aneren Holz geschnëtzt ass d’Nicole Belstler-Boettcher. D’Duechter vum Grit Boettcher misst schonn eleng vum Alter hier méi räif wéi déi aner Fraen sinn. Mat 60 kritt si manner Rollen als Actrice an dofir wëll si iwwer dëse Wee Sendezäit kréien a Sue verdéngen. Fréier huet ee si am ‘Marienhof’, um ‘Traumschiff’, beim ‘Tatort’, ‘SOKO München’ oder bei ‘Hubert und Staller’ gesinn, an elo spillt si éischter Theater. Hir spatz Zong kënnt hir am Dschungel bestëmmt ze gutt.

© RTL

“Ich bin über 60 und bekomme weniger Rollen. Ich möchte mal wieder im Fernsehen auftauchen.”

“Wir Älteren sind auch noch da und wir können cool sein!”

“Ich hoffe, ich blamiere mich nicht zu sehr.”

“Wenn ich nichts zu essen bekomme oder der IQ von anderen Menschen unter Zimmertemperatur liegt, werde ich grantig.”

“Ich bin ein zähes Mädchen.”

Nicole Belstler-Boettcher - Konfrontatioun

An e puer Stonne geet et nees bei d’Lagerfeier, bei den Dschungeltelefon an den Dr Bob. Nei dëst Joer, et gëtt 2 Campen genee wéi 2015 an 2016. Interessant Geschichten, Meenungsverschiddenheeten, Tréinen a Gejäiz si garantéiert beim Dschungel um 20h15 um däitschen RTL.

Back to Top
CIM LOGO