Weltdag vun der StëmmJidderee ka sangen

Michèle Schons
Haut feiere mer en Instrument, dat mir ëmmer dobäi hunn: eis Stëmm. Mir benotzen se all Dag – fir ze schwätzen, ze laachen, ze diskutéieren an heiansdo och, fir ënner der Dusch e klengen Hit ze fabrizéieren. An dat Bescht drun: jidderee ka sangen. Jo, och déi, déi elo direkt soen: „Nee, ech ganz sécher net!“
© pixabay

Weltdag vun der Stëmm - Jidderee ka sangen

D’Wourecht ass nämlech: sangen ass net nëmmen Talent – et ass Training. Eis Stëmmbänner si wéi Muskelen. Wann ee se ni richteg benotzt, da schlofen se an. D’Sängerin a Vocalcoach Karin Melchert erkläert:

Dat ass wéi bei engem Instrument och, am Ufank, wann ee Gittar spillt, da sinn d’Fanger nach e bësse steif, oder och beim Piano spillen - dat muss alles trainéiert ginn, ausprobéiert an experimentéiert ginn, mat permanente Repetitiounen, fir dass sech do eppes developpéiere kann an esou ass et eben och mat der Stëmm.

Eng trainéiert Stëmm bréngt iwwregens net nëmme beim Sangen eppes. Si hëlleft och am Alldag: beim Presentéieren, beim Schwätzen virun anere Leit – oder einfach, fir sech méi zouversiichtlech ze spieren.

Richteg, jo. A ville Situatiounen am Alldag brauch een natierlech d’Stëmm. Ech denken do un Enseignanten, well ech ganz vill Proffen och a menge Gesangscoursen hat, mol net ëmmer onbedéngt fir ze sangen, mee einfach mol fir hir Stëmm ze benotzen, dass se méi stabil gëtt an och méi kräfteg beim Coursen halen a beim ënnerriichten.

A genee dofir gëtt et de Weltdag vun der Stëmm: fir eis drun ze erënneren, datt eis Stëmm Opmierksamkeet verdéngt. Sange, schwätze, laachen – dat alles mécht net nëmmen eis Stëmm méi staark, mee och eis selwer e bësse méi liicht.

Ganz wichtege Punkt, well Kierperhaltung an och Astellung spigelt sech an der Stëmm erëm. Wann ech e ganz doucen zeréckhalenden Typ sinn a mech kleng maachen, dann ass och d’Stëmm méi kleng a wann ech mech opriichten, da kënnt och direkt en aneren Toun eraus.

Mat e puer einfachem Opwiermübungen an e bëssen Übung kënnt ee séier méi wäit, wéi ee mengt. Sangen zum Beispill reduzéiert Stress, mécht gutt Laun a verbënnt – besonnesch wann een et zesumme mécht, sou wéi d’Blimmercher am Film Alice im Wunderland:

Awer selbstverständlech. Je méi ech sangen a je méi oppen a méi befreit, ëmsou besser ass et fir d’Stëmm. Wéi gesot, all Aart vu benotze vun der Stëmm, wou ech aus mer eraus ginn an och d’Stëmm mol e bësse méi haart benotzen, dat trainéiert am Fong d’Stëmm.

Vläicht ass haut jo genee deen Dag, fir et einfach mol ze probéieren - am Auto, doheem oder jo… och ënner der Dusch.

Karin Melchert

Back to Top
CIM LOGO