LIVE! Planet People vum 5. Dezember Krick, Maischi Tibesart, Claude Zeimes a 'The Gesualdo Six'

Dan Spogen
Dës Woch geet et ëm Popmusek, Klassik, e Kach- an e Kannerbuch
Live! Planet People vum 5. Dezember 2025
Den Talkmagazin um Freidegowend, e flotte Mix aus aktuellen Themen an interessante Leit.

D’Krick huet säin Museksgenre fonnt an invitéiert den 13. Dezember an d’Rockhal. D’Musek war ëmmer en Dram, dee sech elo erfëllt. No engem Passage bei ‘The Voice’ an Däitschland (2017) huet d’Krick et beim éischten LSC an d’Top 3 gepackt. An hirem ale Beruff als Infirmière schafft si entretemps net méi, mee konzentréiert sech komplett op hir Karriär als Sängerin. No groussen Optrëtt fir Nationalfeierdag an der Philharmonie oder beim Trounwiessel op der spektakulärer Bün um Glacis ass et elo d’Rockhal, déi rifft, fir hiren éischten grousse Concert mat neier musikalescher Wuer.

© Christine Heitz

‘The Gesualdo Six’ verschéineren d’Adventszäit mat engem Concert e Freideg 12/12 zu Maarnech am Cube 521. Den Alasdair Austin ass Countertenor a Member vum präisgekréinte Vokalensembel. Hire Repertoire ass breetgefächert mat Musek vum Mëttelalter bis bei zäitgenëssesch Kompositiounen. Zesumme mat senge 5 Kolleegen an ënnert der Direktioun vum Owain Park stinn e puer vun de beschten klassesche Sänger aus Groussbritannien zesummen op enger Bün a verschéineren d’Adventszäit mat Musek vun Komponisten wéi Thomas Tallis, Hildegard von Bingen, John Rutter an Cheryl Frances-Hoad. www.thegesualdosix.co.uk/

© Patrick Allen

D’Maischi Tibesart huet 150 Rezepter an d’Buch ‘E Maufel Lëtzebuerg’ gepaakt. 5 Joer hunn all Hobbykäch sech misste gedëllegen, well sou laang war d’Buch vergraff. D’Maischi kennt een zanter 1999 als TV-Kächin an huet jorelaang mam Françoise Hetto, Max Kuborn a Felix Eischen an der RTL-Kichen gestan. D’Rezepter am Buch goufen vu Generatioun zu Generatioun weiderginn a goufen ëmmer verfeinert a liicht verännert. Um Menu stinn déi traditionell Kniddelen, eng Bouneschlupp oder Gromperekichelcher, awer och Flosskriibsen, de Bacalhau oder franséisch Souffléen kann een heirauser einfach nokachen.

© Mockups Design

De Claude Zeimes ass e Multiinstrumentalist a war mat villen Formatiounen ënnerwee, ënner anerem mat Dream catcher. Haut bleift hie léiwer am Hannergrond an huet säin eegene Musekbetrib. Hien ass awer och Komponist a schreift fir Lëtzebuerger Sänger, Schoulklassen a fir grouss Evenementer wéi zB de ‘Relais pour la vie’. 2024 huet de Museker e Concours gewonnen fir d’Musek fir de Film ze schreiwen, deen am Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung zu Osaka gewise gouf. Säin neiste Projet ass d’Buch ‘Den Emil an de Frutz’ mat Héierspill, wat een duerch Scannen am Buch kann ofspillen.

© Claude Zeimes

Back to Top
CIM LOGO