
De Steve Urbaniac ass dës Kéier bei eis am Interview a schwätzt iwwer säi Wee als Solo-Artist, nodeems hien iwwer Jore bei verschiddene Museksprojeten a Formatiounen aktiv war.

Hien erzielt, wéi säin Album "After Dark" no enger kreativer Paus entstanen ass a firwat hien d'Kënschtlech Intelligenz als Hëllefsmëttel am Produktiounsprozess gesäit. Ausserdeem verréit hien, datt hien an Zukunft gär mat Sänger zesummeschaffe géif an datt schonn nei Musek an der Maach sinn.
De 26 Joer ale Lëtzebuerger Museker Noé Zcore schwätzt am Interview iwwer seng éischt Single "Wings Off", déi am Kader vu senger Masteraarbecht entstanen ass.

Hien erkläert, wéi hie seng perséinlech Erfarungen an de Song verschafft huet a firwat d'Thema Kontroll an Eegenstännegkeet him besonnesch um Häerz léien.
D'Eva Marija gëtt am Interview en Abléck an d'Zäit nom Eurovision Song Contest a schwätzt iwwer déi vill Erfarungen, déi et zanter dem Optrëtt zu Wien gesammelt huet.

D'Eva verréit, datt nei Musek fir Enn vum Summer geplangt ass an erzielt, wat d'Fans bei hire Live-Optrëtter mat hirer Band erwaart. Ausserdeem erkläert et, wéi sech seng Concerten nom ESC weiderentwéckelt hunn an wéi et de neie Bekanntheetsgrad am Alldag erlieft. Um Echterlive steet d'Eva Marija de 24.07.2026 op der Bün.
Lauschtert hei nach emol alleguerten d'Lidder aus der Emissioun: