
Wien kennt dat alt Spréchwuert net, wann et ëm d’Portiounen vun den 3 Moolzechten vum Dag geet. Moies wéi e Kinnek, mëttes wéi e Bauer an owes wéi en Heesc
Den Dr Marc Keipes aus dem Gesondheetszenter op der Gare ass do awer éischter skeptesch.
Dass dat, wat een moies beim Kaffi ësst déi wichtegst Moolzecht vum Dag ass, huet warscheinlech méi mat Marketing a Reklammen vun de Produzenten vu Müslien a Flakes ze dinn wéi an der Realitéit. An deenen stécht dacks méi Zocker, wéi a villen Desserten. Munch Leit hu moies keen Appetit mee forcéieren sech wéinst deem Prejugé. Neen, lauschtert op äre Biorhythmus, och wann Dinner skipping oder cancelling also ausfale loossen vläicht méi gesond ass wéi beim Kaffi, kann een awer och moies faaschten.
Uebst a Smoothie sinn dann elo awer bestëmmt gesond oder?
Kloer kann een domadder schonn 1-2 Portiounen Uebst a Geméis vun de 5 recommandéierten pro Dag eran huelen. Doduercher kritt een wichteg sekundär Planzestoffer, Antioxidantien etc, déi sinn doranner. Mee oppassen, dacks verstoppt sech och do vill Zocker a Fruuchtzocker dran. Dat siedegt kaum, an den Honger ass gläich nees do. Kloer ass dat méi gesond wéi Viennoiserien, wou dann nieft dem wäisse Miel an Zocker och nach vill schlecht Fetter dran sinn. Wichteg fir d’siedegen sinn Proteinnen, a wichteg wier Ofwiesslung. Huelt am beschten och net déi fäerdeg mat Zocker geséissten preparéiert Jughurten oder déi aromatiséiert Skyren. Besser de Naturproduit, dann e puer Bieren, déi hunn an der Moyenne nëmme 5 Prozent Fruuchtzocker, zwee grouss Glieser Waasser an eben Kaffi, oder nach besser gréngen Téi.