GesondheetstippRegimm ouni Gluten

Patrick Greis
Wien wëll net, nach virun der Feierdeeg, e bësschen ofhuelen, fir dass een an déi feierlech Kleedung passt, a well een jo souwisou weess dass een no deene gudden Deeg e puer Kilo méi op der Wo huet.
© Patrick Greis

Regimm ouni Gluten

Den Dr Marc Keipes, vum GesondheetsZenter op der Gare warnt awer bei Regimm ouni Gluten, well dat kéint vläicht geféierlech ginn.

Dat hei ass zwar nëmmen eng kleng Etüd, mee déi éischt an deem Genre. 35 Kanner goufen bei der Diagnose vun der ‘Zöliakie’ also Glutenintoleranz op Arsen an aner Schwéiermetaller am Urin getest. Duerno, eng zweete Kéier, no 6 Méint Glutenfreiem Regimm. Median Konzentratioun ass vun 3,3 mg/L op 13,6 mg/L eropgaangen, also 4fach geklomme. Och wann dat elo nach keng toxesch Niveauen erreecht huet, muss ee sech awer seng Gedanken maachen.

d’Ursaachen vun der Gefor leien op der Hand, wann een se bis weess.

Als Grond gëtt uginn, dass bei Glutenintoleranz, dacks vill Reis giess gëtt, fir Weess an aner Kuelenhydrater mat Gluten ze ersetzen, an deen ass bal an allen Ubaugebitter mat Arsen belaascht, deen de Reis opgeholl huet aus dem Buedem. 2 wichteg Informatiounen: net einfach ouni Beweis zB Biopsie vum Dënndaarm op Gluten verzichten, well dat am Moment an der Moud ass. Versicht variéiert z’iessen. Huewer kann en Deel als Alternativ sinn. Och Brout aus Kicherbsenmiel oder Luppinienmiel kommen a Fro. A wa Reis, dann op d’mannst 2x wäschen, am beschten souguer iwwer Nuecht mat Waasser aweechen, an dann moies nach eng Kéier wäschen. Dat reduzéiert den Arsen, da bleift dir gesond.

Back to Top
CIM LOGO