Wanderweeër zu a ronderëm LëtzebuergWandere, kucke, rullen - op der Jickebunn zu Käerch

Michèle Schons
Hannert dem Fussballterrain zu Käerch, zitt sech e ronn zwee Kilometer laange Parcours duerch d’Natur. A mat dobäi: Hëlze Kugelbunnen, déi sech op verschiddene Plazen duerch de Bësch schlängelen. D’Iddi hannendrun ass eigentlech ganz einfach: eng Kugel drop, rulle loossen a kucken, wéi wäit se kënnt.
© Visit_Guttland

Wandere, kucke, rullen - op der Jickebunn zu Käerch

An dat ass et, wat dës Bunn esou speziell mécht: Hei geet et net ëm Tempo oder ëm eng sportlech Leeschtung. Et geet drëm, stoen ze bleiwen, d’Kugel ze kucken – an e bëssen nees Kand ze sinn.

D’Kugelbunne sinn aus Holz gebaut, mat Material aus dem lokale Bësch. Déi längste Bunn kënnt op ronn 20 Meter. An et ass erstaunlech, wéi vill Spaass eng kleng hëlze Kugel maache kann, well op eemol stinn och Erwuessener do a kucken, ob déi kleng Kugel et bis ganz ënne packt. Kee Bildschierm, kee Stroum, keng grouss Technik. Just e bëssen Virwëtz an de Wonsch ze kucken, wat geschitt.

Ma d’Jickebunn ass net dat eenzegt, wat een op dësem Wee entdecke kann. De Wanderwee féiert duerch déi gréng Landschaft ronderëm Käerch, duerch de Bësch an laanscht verschidden interessant Plazen. A wann een d’Aen opmécht, gesäit een, datt d’Geschicht hei net nëmmen op de grousse Schëlter steet. D'Schlassruinn erënnert drun, datt d’Landschaft ronderëm Käerch scho laang virun eiser Zäit genotzt a markéiert gouf.

© LFT_Alfonso_Salgueiro

Et sinn dës kleng Entdeckungen, déi aus engem einfache Spadséiergang eng richteg Entdeckungsrees maachen. Esou ass d’Jickebunn eigentlech méi wéi nëmmen eng Kugelbunn. Si bréngt Bewegung an de Bësch, virun allem fir Kanner – mee si huet och eppes fir Erwuessener. Heiansdo brauch et guer net vill, fir aus engem normale Wanderwee eng kleng Aventure ze maachen. D'Jickebunn zu Käerch ass e Wanderwee, bei deem een net nëmmen ënnerwee ass, mee och mol stoe bleift.

Back to Top
CIM LOGO