Frech duerch de Summer - Episod 6D’Geschicht vun „engem Noss“ an „enger Plou“

Jean-Marc Turmes
„Vun Dräibiz bis Vullemätti“, esou heescht deen neiste Band an der Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“ vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. De ganze Summer iwwer wäerte mer hei all Woch eppes Interessantes ronderëm d’Frechheete gewuer ginn. De Jean-Marc Turmes huet den Alexandre Ecker vum ZLS op Besuch.
© RTL Grafik

Alexandre Ecker: Salut, Jean-Marc! So, an der Lescht hu mer eis jo scho bal dru gewinnt, datt mer eis hei op der Antenn vernennen ... mee wéi géifs de da reagéieren, wann ech géif zu der soen, du wiers eng Quetsch?

Jean-Marc Turmes: Salut, Alexandre! Ma warscheinlech géif ech dann nach méi grouss kucken ewéi soss, well d’Frechheet Quetsch seet een a mengen Ae just fir eng weiblech Persoun ... ass dat ieren net esou?

Alexandre Ecker: Ma dach, du hues Recht, an dorop wollt ech och eraus. Genee esou ass et nämlech och mat anere Geméis- an Uebstzorten, déi als Frechheet kënne gebraucht ginn, ewéi zum Beispill Porrett oder Kréischel. Mat dëse Wierder kann een nëmmen eng weiblech Persoun vernennen. Interessant ass hei, datt bei deene Wierder och de grammatesche Genre dee weiblechen ass: eng Quetsch, eng Porrett, eng Kréischel.

Jean-Marc Turmes: Ass dat dann eng allgemeng Reegel? Hëlt ee Wierder mam männlechen Artikel "en" ëmmer, fir eng männlech Persoun ze vernennen? A Wierder mam weiblechen Artikel "eng" nëmme fir weiblech Persounen?

Alexandre Ecker: Ma komm, mer kucken eis emol fir d’éischt deen einfachste Fall un. Dat si grammatesch gesi männlech Frechheeten op -er ewéi de Boxeschësser oder den Herrgottstränteler. Déi seet een fir eng männlech Persoun, mee et kann een, wéi bei villen anere Persounebezeechnungen och, relativ einfach eng weiblech Form bilden ...

Jean-Marc Turmes: ... an dat wieren an dëse Fäll eng Boxeschëssesch an eng Herrgottsträntelesch, déi da weiblech Persoune bezeechnen an och grammatesch gesi weiblech sinn, oder net?

Alexandre Ecker: Genee! Mee du weess, an der Sprooch gëtt et keng Reegel ouni Ausnamen! Zeréck bei déi planzlech Liewensmëttelen: Häss de virdrun och grouss gekuckt, wann ech zu der gesot hätt, du wiers eng Noss?

Jean-Marc Turmes: Also, ech wier sécher net frou gewiescht iwwer d’Kompliment, mee obwuel et eng Noss ass, kann ech mer dat Wuert duerchaus och als Frechheet fir eng männlech Persoun virstellen ...

Alexandre Ecker: ... wat jo beweist, datt dat männlecht oder weiblecht Geschlecht an der Sprooch net onbedéngt dem Geschlecht vun der Persoun muss enstpriechen. Och eng Kakuett geet fir jiddereen. An da gëtt et Wierder ewéi e Plou oder en Trampel, déi grammatesch gesi männlech sinn, an déi een och zu jidderengem ka soen! Eng komplex Saach, also!

Jean-Marc Turmes: Wéi esou villes an der Sprooch ... mee grad dat mécht se esou interessant! Bis dann!

Alexandre Ecker: Bis dann!

Back to Top
CIM LOGO