E Mëttwoch de Moie war de Stater Schäffe Serge Wilmes eisen Invité vun der Redaktioun.

Ech waarden nach op de Projet vum Frank Engel, dat seet de Serge Wilmes. Ech hat op alle Fall e Projet, esou den CSV-Politiker Wilmes e Mëttwoch de Moie bei eis op der Antenn. De Stater Schäffe war jo rezent bei der Wiel fir den CSV-President dem Europadeputéierte Fränk Engel knapp ënnerleeën.

De Serge Wilmes seet, et wier him ëm d'Partei gaangen an net ëm sech selwer. De Frank Engel hätt wuel awer éischter de Spëtzekandidat 2023 am Aen.

Serge Wilmes: Ech waarden nach op de Projet vum Frank Engel
De Serge Wilmes huet e puer ganz pickeg Aussoen an Direktioun vum Parteipresident Frank Engel gemaach.

Wat déi eege Campagne ugeet, géing de Serge Wilmes op alle Fall alles d'selwecht maachen. Op elo géint hie geschafft gouf, wollt hien net am Detail kommentéieren, natierlech hätt hien awer net just Frënn an der CSV.

Lo wéisst een net sou genee, a wéi eng Richtung datt et géing goe mat der grousser Vollekspartei.

Eng grouss Fro wier déi, wéi Grief zouzemaache sinn a wéi déi zwou verschidden Approchë bannent der CSV beieneen ze féiere sinn.

De Style vum Frank Engel wier net deen, deen elo ubruecht wier, esou de Serge Wilmes. D'CSV bräicht net onbedéngt eng knallhaart Oppositioun, mä eng intelligent Oppositioun bei där Alternative proposéiert ginn a bei där een no bei de Leit ass.

De Serge Wilmes geet net dovunner aus, datt hien nach emol fir e parteiinternt Mandat kandidéiert. Hie wëll sech elo op seng Chargë vum Deputéierten a Stater Schäffe konzentréieren. D'Europawahle si fir de 36 Joer ale Politiker iwwregens keen Thema.

AUDIO: Invité vun der Redaktioun: Serge Wilmes

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.