Zölibat ofschafen aktuell éischter eng Optioun, wéi Fraen als Paschtouer
E Méindeg de Moien war den neie Weibëschof Leo Wagener eisen Invité vun der Redaktioun.
Et ass eng Première fir déi kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg. E Sonndeg am Nomëtteg gouf de Leo Wagener zum Weibëschof consécréiert.
RTL NEWS: De Leo Wagener gouf zum Weibëschof consécréiert
D'Trennung vu Kierch a Staat ass nach ëmmer net ganz verdaut. Mer hunn eng Rëtsch Defien, déi doduerch op eis duerkomm sinn, an déi mer am gaange sinn ze bewältegen. An der Haaptsaach Finanzieller.
Dat sot de Leo Wagener e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.
D’Immobilien, déi de Bistum selwer huet, wéilt ee weider developpéieren, ma op der anerer Säit wier ee weider méi op d'Generositéit vun de Leit ugewisen.
De Manktem u Paschtéier wier weiderhi ganz grouss, wat eng vun de gréissten Aufgaben wier, fir deem entgéint ze wierken, an nees méi Leit fir e Beruff an der kathoulescher Kierch ze interesséieren.
Dem Leo Wagener seng perséinlech Meenung wier iwwregens déi, dass ee kéint driwwer nodenken, fir den Zölibat ofzeschafen. Op alle Fall wier et zäitlech méi realistesch ëmzesetzen, wéi dass och Frae kéinte Paschtouer ginn. Et kéint een natierlech driwwer diskutéieren, mä dat misst dann op enger theologescher Basis geschéien, an net just virum Hannergrond vun der Gläichberechtegung.
D'Annonce, dass de Leo Wagener dem Jean-Claude Hollerich als Weibëschof wäert zur Säit gestallt ginn, war de 24. Juli bekannt gemaach ginn. Et géif awer net zwéngenderweis bedeiten, dass hien automatesch och nächsten Äerzbëschof wäert ginn, sou de Leo Wagner.
Hie wäert als ee vun zwee Generalvikaren och weiderhin zoustänneg bleiwen, fir d’Immobilien an d’Finanzverwaltung vum Bistum.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.