Fir dës feierlech Zeremonie koumen nieft dem Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich weider 9 Bëscheef op Lëtzebuerg, dorënner d’Bëscheef vu Metz, Léck, Oochen an Tréier. D’Mass gouf vum Monseigneur Hollerich, dem fréieren Äerzbëschof Fernand Franck an dem Limburger Bëschof Georg Bätzing konzelebréiert. Ënnert de geeschtlechen Invitéen war och den apostoleschen Nuntius bei der EU, dee säi Sëtz zu Bréissel huet.
Dynamesch, mat enger prezis placéierter Pointe un Humor, sou huet sech de Leo Wagener an der Kathedral presentéiert. Et war eng ganz feierlech Wei. An enger Kathedral, an där kee Stull méi fräi war. Zwou an eng hallef Stonnen, wärend deenen et Amenter mat Emotioun, awer och där mat Humor gouf. Kloer ze spieren war d’Komplicitéit tëscht dem Bëschof, Monseigneur Hollerich, a sengem frësch consacréierte Weibëschof, Leo Wagener. E Mann, fir deen et eng Normalitéit ass, sech fir déi Mënschen anzesetzen, déi keng Plaz un der Sonnesäit vum Liewen hunn, sou de Monseigneur Hollerich a senger Priedegt.
De Leo Wagener verzicht am Kader vun senger Wei op Kaddoen. Donen zu Gonschten vun zwou Flüchtlingsfamillen vu Lesbos, déi d’Lëtzebuerger Kierch ophëlt, si wëllkomm.
Héichpunkt vun der Zeremonie war d’Wei u sech. Mam Hiertestaaf goung de Weibëschof duerch d’Kathedral an huet seng Schof geseent. Där et der ëmmer manner ginn, sou de Monseigneur Hollerich. De Weibëschof Leo Wagener wëll dat mat der néideger Rou änneren.
D’Annonce, datt de Leo Wagener dem Jean-Claude Hollerich als Weibëschof wäert zur Säit gestallt ginn, war de 24. Juli bekannt gemaach ginn. Onerwaart huet de Poopst François dunn op Fouersonndeg zu Roum annoncéiert, datt de Jean-Claude Hollerich wäert zum Kardinol genannt ginn. Dës Zeremonie ass den nächsten Sonndeg am Vatikan.
D’latengesch Bëschofsdevise vum Leo Wagener ass “ad Fontes fidei” - also: zu de Quelle vum Glawen.
Invité vun der Redaktioun um Méindeg: Leo Wagener
De Leo Wagener ass sech es bewosst. Eng grouss Verantwortung kënnt elo op deen 57 Joer ale Mann duer, deen zu Tréier a Paräis Philosophie an Theologie studéiert huet. Dat seng Nominatioun sou eng Well u Reaktiounen ausléise géif, hat de Bouf vun Houschent net geduecht.
Als Weibëschof, och nach Hëllefsbëschof genannt, wäert hien den zukünftege Kardinol Hollerich hei zu Lëtzebuerg entlaaschten. Besonnesch am pastoral-liturgesche Beräich. Éischt Handlunge wäert d’Animatioun vu spirituelle Rencontere mat Geeschtlechen, mat Diakone sinn. Awer och méi komplex Dossiere stinn un: wéi de Kierchefong oder d’Gespréich mat de Kierchefabricken ze sichen.
De Leo Wagener, e Mann, deen als Mënsch einfach bliwwen ass. Deen d’Evangelium an enger Sprooch, déi d’Leit verstinn, weider verkënnege wëll.

De Leo Wagener gouf 1962 zu Ettelbréck gebuer a war ënner anerem Geeschtlechen zu Dikrech, Steebrécken an zu Bouneweg. 2015 war hien zum Generalvikar ernannt ginn. Hien ass ënner anerem och Aumônier vun de Foulards Blancs vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten.