E Méindeg de Moie war d'Direktesch vun der Adem eis Invitée vun der Redaktioun.

Resumé Isabelle Schlesser / Rep. Pierre Jans

Zanter Mëtt Mäerz gouf et eng brutal Hausse vum Chômage hei am Land. Iwwer 20.000 Leit sinn elo bei der Adem ageschriwwen. 10.000 ginn indemniséiert. Dat gouf et nach net an deem Ausmooss, sot d'Isabelle Schlesser e Méindeg de Moien. D'Direktesch vun der Adem war um RTL-Jobdag eis Invitée vun der Redaktioun. De Chômagetaux läit bei 7%.

Wéi et weider geet, wär schwéier viraus ze soen. Wéi laang et dauert a wéi héich et geet, grad wéi d'Entwécklung vun der Kuerzaarbecht.

Et wieren net onbedéngt méi, respektiv nei Leit bei der Adem ageschriwwen, mä et kritt een der manner placéiert. Bis elo wieren also net méi Leit entlooss ginn, mä Patrone stelle manner an.

De Jugendchômage ass héich hei am Land. Am Mee waren iwwert 1 Joer gekuckt 52% méi Jonker bis 30 Joer am Chômage, sot e Méindeg de Moien d'Isabelle Schlesser. Dat ass e ganz héije Chiffer. An all Kris géifen déi Jonk am meeschte leiden. CDD'en géifen net verlängert ginn. En plus komme lo nees vill Jonker aus der Schoul. Déi dierften net scho mat Chômage hiert Aarbechtsliewen ufänken, hofft d'Direktesch vun der Adem.

Wat d'Coronakris bewierkt, ass eng Beschleunegung vun deem, wat et souwisou scho gouf am Aarbechtsmaart, resuméiert d'Isabelle Schlesser. Betriber hätte gesinn, datt ee vill kéint digitaliséieren, méi Teletravail maachen a vläicht och mat manner Leit eens ginn.

Formatiounen an Ëmschoulungen wieren elo nach méi wichteg.

Invité vun der Redaktioun: Isabelle Schlesser

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.