E Freideg de Moie war de President vun der Copas eisen Invité vun der Redaktioun.
Et ass eng extrem grav Situatioun, déi schwéier ze erklären ass. De President vun der Copas, dem Daachverband vun den Alters- a Fleegeheemer, de Marc Fischbach, war de Freideg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
Hie géif déi vill Clusteren an Doudeg zu déifst bedaueren, well hie wéisst, datt d’Direktiounen an d’Personal ëm de Schutz vun de Leit beméit sinn. Et géif ee sech all Dag d’Fro stellen, wat ee kéint verbesseren. D’Verhale vum Personal an den Haiser wär korrekt.
Beim Impfen hätt ee villäicht kënnen d‘Gesamtpersonal berécksiichtegen, och déi Professionell, déi an d’Haus erakommen, wéi zum Beispill d'Botzpersonal, de Kiné oder de Coiffer. De Marc Fischbach bedauert och, datt d‘Leit an de Strukture fir betreit Wunnen net prioritär geimpft goufen.
Et misst sachlech iwwert dat Ganzt diskutéiert ginn, manner emotional. Scholdzouweisunge wären net ubruecht, fënnt de Marc Fischbach.
De President vun der Copas huet betount, datt een ëmmer gutt mat der Gesondheetsministesch a mat der Familljeministesch zesummegeschafft hätt. D’Copas war och Demandeur fir net eenheetlech strikt Reegelen, mä Recommandatioune jee no Haus. D’Populatioun an d’Haiser wäre ganz verschidden.
Op den Impftaux ugeschwat, sot hien, datt een net genee wéisst, wéi vill Leit vum Personal an den Haiser geimpft sinn. D’Santé huet vun 51% geschwat, mä et géif ee keng Detailer wëssen. Och dat administratiivt Personal hätt sech kënnen impfe loossen, d’Botzpersonal awer zum Beispill net. Vill Leit hätten och keng Invitatioun kritt.
Den Ament gëtt jo och iwwer eng méiglech Impfflicht diskutéiert. Perséinlech ass hien net fir sou eng Obligatioun.
Vum abléckleche Sträit an der CSV weist de fréieren CSV-Minister Fischbach sech zudéifst enttäuscht. En hätt missen an aller Offenheet intern geléist ginn. Sou wéi et elo geléist gouf, wär net tragbar.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.