En Dënschdeg de Moie war den CSV-Deputéierte Marc Spautz eisen Invité vun der Redaktioun.

Mir weise mam Fanger ganz kloer op d'DP. A Chamberkommissiounen, wou en DP-Deputéierten d'Presidence huet, géife Proposition de loien, déi d'CSV mécht, net ugeholl ginn. Dat sot de Marc Spautz en Dënschdeg de Moien. Den CSV-Deputéierten war eisen Invité vun der Redaktioun.

Hie versteet, datt Parteien aner Iddien hunn, mä et kéint een net soen, d'CSV géif näischt proposéieren an dann alles refuséieren.

D'CSV fuerdert och eng Tripartite. Et wär jo e Kriseninstrument a wann elo keng Kris wär, wéini dann? All Gewerkschafte fuerderen eng, mä d'Majoritéit an der Chamber hätt zwou Motiounen einfach „ofgebaatscht“. Et wär onverständlech, datt d'Regierung eng Tripartite refuséiert. Mä warscheinlech wär ee sech net eens an der Regierung, wéi ee mat de Sozialpartner soll diskutéieren.

An enger Tripartite kéint och iwwer eng Coronasteier geschwat ginn, ee Punkt, wou et och keng Eenegkeet an der 3er-Koalitioun géif ginn.

De Marc Spautz war jo och CSV-President. D'Problemer, déi seng Partei rezent hat, ware suboptimal an hätten der Partei geschuet. Am Hierscht ass jo och nach e Prozess wéinst der Affär Frëndeskrees. Dat ass net gutt, weess de Marc Spautz, mä et hätt een et misse mellen.

Geet hien nach eng Kéier mat an d'Walen? Kloer jo, wa seng Partei dat wëll. Et géif net nëmmen ëm Renouveau goen, mä d'Stëmme vun de Wieler géifen decidéieren. An déi wären all d'selwecht vill wäert. Hien hätt déi leschte Kéier bei der CSV déi meeschte Stëmme kritt, sou de Marc Spautz.

Invité vun der Redaktioun: Marc Spautz

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.