E Freideg de Moie waren ënnert anerem d'Baueren Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D'Martine Hansen ass déi gréisste Gewënnerin beim Politmonitor: Si huet 12 Punkte bäikritt an ass vun der Plaz 18 op d'Plaz 6 vun de beléiftste Politiker gerëtscht. Eppes wouriwwer si sech als Invitée vun der Redaktioun e Freideg de Moien zwar gefreet huet, ma si wier sech bewosst, dass dat just eng Momentopnam ass.

De 4. Mäerz hat si zesumme mam Ëmweltminister Serge Wilmes d'Baueren um éischte Landwirtschaftsdësch begéint. Déi haten duerno vun engem Paradigmewiessel geschwat: D'Naturschutzgesetz, besonnesch d'Bauen an der Gréngzon an de Waasserschutz, sollen op de Leescht geholl ginn. Da gouf eng Task-Force fir d'Ammoniakwäerter a verschidden Adaptatioune beim aktuellen Agrargesetz versprach.

Wat déi Task-Force ugeet, do géing ee sech zesummesëtze soubal d'Landwirtschaftskummer um Freiden de Mëtteg nei gegrënnt wier. D'Propose fir d'Upassungen um Agrargesetz solle Mëtt bis Enn Abrëll presentéiert ginn.
Beim Bauen an der Gréngzon wéilt een zesumme mam Serge Wilmes "pragmatesch" un d'Saach erugoen, sou d'Martine Hansen: "Dat heescht, déi Bestëmmungen, déi net sënnvoll sinn, dat heescht dem Naturschutz näischt bréngen awer  op der anerer Säit da, wann ech dem Här Friede säi Wuert huele, 'ploen' , déi solle mir fort loossen. Mir solle Bestëmmunge maachen, déi realitéitsno sinn an awer schützen."

CSV ass sech eens beim Naturschutz

Op d'Fro, ob ee sech an der CSV, mat Bléck op déi rezent Aussoe vum Premier Luc Frieden par Rapport zu der Atomkraaft,  beim Thema Ëmweltschutz net esou ganz eens wier, betount d'Agrarministesch, dass ee sech wuel eens wier. Et wéilt een ouni Ideologie un den Ëmweltschutz erugoen. Wat d'Autorisatioune fir Privatleit ugeet, déi solle fir d'Bierger novollzéibar sinn.
 
Beim Thema Wuesstem vun de Betriber betount d'Martine Hansen, dass dat eng natierlech Entwécklung wier. Et kéint een net soen, dass Déieren a Betriber mat vill Véi d'office manner gutt gehale ginn.

Biolandwirtschaft: "Ziler vun der viregter Regierung waren net realistesch"

Bio mécht zu Lëtzebuerg mat 5 respektiv 6 Prozent ëmmer nach nëmmen e klengen Deel vun der Landwirtschaft aus. D'EU hat als Zil bis 2030 20 Prozent Bio uginn, déi viregt Regierung hat déi 20 Prozent souguer bis 2025 uviséiert. Dat war der Martine Hansen no net realistesch. Zwar ass si iwwerzeegt, dass d'Zuel vun de Baueren duerch de Verkaf vu Bioproduiten u Schoulkantinnen nach klamme wäert, allerdéngs géing ee sech kee feste Prozentsaz festleeën.

Baueren an der EU sinn nach net zefridden

Wat d'Situatioun an der EU ugeet, do betount d’Martine Hansen, dass Lëtzebuerg am Géigesaz zu de Baueren am Ausland manner vum Präisverfall vun de Käre betraff ass. Ausserdeem géifen hei keng Bäihëllefe gekierzt. E Sujet bleift op EU-Niveau och deloyal Konkurrenz aus dem Ausland an den administrativen Opwand fir d'Baueren. D'Kommissioun wier sech dees awer bewosst a wéilt weider doru schaffen.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.