"Wa mer net de Memberen d’Vertrauen zréckginn, ass d’Piratepartei virum Aus"
E Freideg de Moie goung et ëm d'Thema Piratepartei an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"Wa mer net de Memberen d'Vertrauen zeréck ginn, datt mer dat ganzt opklären an datt et an Zukunft wäert besser ginn, dann ass d’Piratepartei iergendwann virum Aus", dat sot e Freideg de Moien de Marc Goergen. No der Demissioun vum Ben Polidori e Méindeg an de Reprochë géint d'Piratepartei am Kontext vun enger Iwwersetzungsapp fir Flüchtlingen, war de Piratendeputéierten eisen Invité vun der Redaktioun.
"Am Moment maachen mir eng ganz schwéier Phas duerch", sou de Marc Goergen. Fir do erauszekommen, misst jiddereen Waasser a säi Wäin schëdden a virun allem d’Feeler aus der Vergaangenheet opschaffen.
De Süddeputéierten sot sech traureg, datt de Ben Polidori d’Partei verlooss huet. De jonke Politiker aus dem Norden hätt sech vum Sven Clement net gutt behandelt gefillt. Dee wier mat em ëmgaangen wéi "e klenge Bouf" amplaz als gläichberechtegte Partner. Hie selwer wier ni gläichberechtegt gewiescht. Duerfir wier de Schock vläicht bei him manner grouss gewiescht, wéi fir een, dee vu bausse komm ass. De Marc Goergen ass kloer enttäuscht, datt de Ben Polidori d'Bengelen bei d'Tromm gehäit huet. Elo misst hien "eleng opraumen".
Tatsaach ass, et gëtt kee Vertrauensverhältnes méi ënnert de Piraten. Marc Goergen a Sven Clement schaffe just nach de strikte Minimum mateneen. An och déi finanziell Froen - wéi d’Paie vun de Mataarbechter sollen -, op Wonsch vum Marc Goergen strikt vunenee getrennt ginn.
Den Eclat gouf et e Méindeg den Owend an der Diskussioun ëm d’Zeréckbezuelen vu Gelder, déi ee krut, fir viru Joren eng Sproochen-App fir den ONA, dem Office national de l'accueil, z’entwéckelen. En Audit war zur Konklusioun komm, datt d'Piratepartei 96.000 Euro zu Onrecht krut, fir déi et keng Beleeg gouf. Am November hat d'Partei dem Direkter vum ONA Marc Piron nach geäntwert, et géif kee refuséieren, déi Suen, déi een dem ONA schëllegt, ze rembourséieren.
Haut gesäit de Marc Goergen virun allem d'Firma Clement&Weyer vum Sven Clement an dem Ex-Pirat Jerry Weyer an der Flicht, sech finanziell ze bedeelegen. Si hunn 2016 an 2017 am Optrag vun der Piratepartei de Gros vun der Aarbecht bei der Entwécklung vun der App gemaach, sou den Audit.
Et kann net sinn, datt déijéineg, déi et verbockt hunn, einfach sou dervukommen, esou de Pirat weider.
Et kéint all Zäit net sinn, datt déi nei Membere vun de Piraten d’Rechnung integral bezuele missten. Hei missten déi deemoleg Memberen, déi am Audit viséiert sinn, hir Verantwortung iwwerhuelen. Déi zwee Haaptconcernéiert Sven Clement a Jerry Weyer géifen dat awer refuséieren. Duerfir wier et e Méindeg den Owend zum Eclat komm.
Hien hätt am Ufank dem Sven Clement nach gegleeft, datt et just e Problem mat de Paperasse ginn hätt, mat vereenzelte Piècen, déi falsch gewiescht wieren. Méi net. Nodeems wat alles rauskomm ass, notamment an der Press, huet de Marc Goergen haut awer eng aner Meenung. Haut wéilt hien "opklären an opraumen". Am Interessi vun der Partei, seet en. Den Office national de l'accueil hätt sécherlech och seng Feeler, sou eisen Invité. Dat wier awer keng Excuse fir net bei de Pirate selwer opzeraumen. Op alle Fall kéint et net sinn, datt nei Mandataire vun de Piraten hir Jetonen aus de Gemengeréit missen ofginn an déijéineg, déi et "verbockt" hätten, einfach sou dervu kommen.
De Marc Goergen huet de Moien, grad wéi op de soziale Medie schonn, ganz konkret mam Fanger op fréier Piraten, de Jerry Weyer an den Andy Maar, gewisen, déi der Partei déi Réck gedréit hunn. Grad Leit, déi net an deem Mooss eppes fir d'Partei geleescht hunn an nëmmen bei d'Pirate komm wieren, fir "Opträg ze generéieren" missten zur Verantwortung gezu ginn. Wann néideg viru Geriicht.
Demissioun wier awer keng Optioun.
Ophale bei de Piraten wéilt den 39 Joer ale Pirat vu Péiteng fir de Moment net. Hie wier all de Conseilleren an de Mataarbechter déif verbonnen a wéilt och net d'Leit, déi den Ablack an der Kritik stinn, eleng mat der Parteiefinanzéierung loossen. Ob de Sven Clement zrécktriede misst maachen, dat misst d'Partei iergendwann entscheeden, sou de Marc Goergen.
Aner Parteie wieren um Dossier drun. Si hätten dowéinst d'Offenheet gewielt, seet eisen Invité. Och wann dat wéi géif doen.
De Jerry Weyer ass Uganks November zejoert aus der Piratepartei ausgetrueden. Ouni dat deen Ament public ze maachen. De Matgrënner a fréiere Vizepresident huet de Marc Goergen dës Woch via Facebook als "Ligener" betitelt well dee seng Demissioun an en direkte Lien mam Audit gesat hat. Wat dem Jerry Weyer no absolut net wouer wier. Hie wier ausgetrueden an der Hoffnung dat "toxescht Ëmfeld" an der Partei hannert sech ze loossen.
Et ass effektiv net fir d'éischt, datt et an der Piratepartei rumouert. Zanter der Grënnung viru 15 Joer gouf et ëmmer rëm Streidereien iwwert déi politesch Ausriichtung, tëschemënschlech Problemer gekoppelt mat Demissioune a Virwërf vu Mobbing a schlechtem Klima. Streidereien, déi een ëmmer rëm iwwerstane huet. Dës Kéier gouf a Part vill Parzeläin tëscht de Piratendeputéierten zerschloen.
Fir de Kongress am Hierscht wëll d'Piratepartei sech am Fong nei Statutte ginn. Bleift ofzewaarden, ënnert wéi enger Form et d'Piratepartei bis dohinner nach gëtt.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.