Goergen huet anerer "gemobbt" a "Partei auserneen dividéiert", esou Clement
Et wier genee am Géigendeel dem Marc Goergen säi Behuelen, dat ville Parteimembere sauer opstoussen an zu gesondheetleche Problemer féiere géing.
Sven Clement kritiséiert behuele vum Marc Goergen
Nodeems de Piraten-Deputéierte Marc Goergen e Freidegmoien als Invité vun der Redaktioun deen anere Piraten-Deputéierte Sven Clement bei eis op der Antenn hefteg kritiséiert huet, weist dësen all d'Reprochen zeréck.
Zanter Joren hätt de Marc Goergen aner Leit gemobbt an d'Partei duerch Menacen, Manipulatiounen, Intrigen a Ligen auserneen dividéiert. Elo géing hie versichen, de Sven Clement aus der Partei erauszedrécken. De Sven Clement mécht sech selwer de Reproche, deem Behuelen ze laang nogekuckt ze hunn, fir d'Partei zesummenzehalen:
"Ech hunn déi lescht Joren de Marc Goergen ëmmer rëm verdeedegt, probéiert seng spalteresch Tätegkeeten an der Partei opzefänken a Leit ze consoléieren. An elo gëtt dat genotzt, fir géint mech ze goen. Ech stellen dat mat net wéineg Iwwerraschung fest. U sech wonnert et mech, datt e sou laang gebraucht huet, fir déi Fuerderung ze stellen. Ech mengen awer net, datt ech einfach kampflos hei géif d'Seegel sträichen."
Dono gefrot, wat hien zum Reproche seet, hien hätt am Dossier vun der Iwwersetzungsapp MALT d'Partei benotzt, fir Suen a seng eegen Täsch fléissen ze loossen, seet de Sven Clement, de Marc Goergen sollt gutt oppassen, wat hien aneren ënnerstellt. Et géifen nämlech Beweiser dofir ginn, datt de Marc Goergen sech un der Partei "méi wéi beräichert" hätt.
Ausserdeem huet de Piraten-Deputéierten e Freidegmoien ee Bréif mat 25 Säiten un d'Parteigremie geschéckt, an deem Verfeelunge vum Marc Goergen opgelëscht ginn. D'Partei misst sech elo entscheeden, ob se de Mënsch an ee fairen Ëmgank mateneen an de Mëttelpunkt stellen, oder sech vun Intrige splécke loosse wéilt.
"Entweder du bass fir mech, oder géint mech"
Een Deel vun deenen Dokumenter wollt de Sven Clement op enger Pressekonferenz e Freidegmëtteg um 14 Auer presentéieren. "Et ass eng Situatioun, déi weder fir d’Piratepartei, nach fir déi bedeelegt Persounen, nach fir d’Politik am Allgemenge gutt ass, wann net méi mat Fakte geschafft gëtt", esou de Sven Clement um Rendez-vous mat Bléck op déi rezent Streidereie bei der Piratepartei.

E Méindeg waren de Sven Clement an de Marc Goergen nach zesummen op enger Pressekonferenz ze gesinn. / © Fanny Kinsch
Et géing him net liicht falen, doriwwer ze schwätzen, well hie laang nogekuckt hätt, wéi de Marc Goergen Leit aus der Partei gemobbt hätt. Zu deene Leit hätten ënnert anerem de Jerry Weyer an de Laurent Kneip gehéiert. Hien hätt sech an der Ëffentlechkeet ëmmer hannert de Marc Goergen gestallt, obwuel hien et besser gewosst hätt. D’Aarbechtsatmosphär ënnert dem Marc Goergen wier toxesch gewiescht, et hätt ëmmer geheescht: "Entweder du bass fir mech, oder géint mech." Well hien net agegraff hätt, géing hien hei och eng gewësse Matschold droen.
Wat seng perséinlech Verbindung zu verschiddenen Entreprisen ugeet, wier et kee Geheimnis, datt déi fir d’Pirate-Partei geschafft an dowéinst bezuelt gi wieren. Sou hätt Clement&Weyer 40.500 Euro kritt. Gläichzäiteg hätt d’Partei an deene leschte Joren awer och ronn 71.000 Euro un zwou Firme vum Marc Goergen bezuelt, déi mëttlerweil allebéid faillite wieren. Ma de Marc Goergen hätt awer och ganz perséinlech finanziell vun der Partei profitéiert a méi Suen erausgezunn, wéi en dra gestach hätt. Hien hätt och d’Visa-Kaart vun der Fraktioun benotzt, fir Saachen, déi net onbedéngt eppes mam Berufflechen ze doen hätten. Dozou géingen Iessen um Weekend, Rendez-vouse beim Coiffeur oder Kontrollen, respektiv Reparature vum Auto gehéieren.
"Dem Marc Goergen seng Visa op 19 Méint, 51.440,15 Euro, dovunner 29.997,19 Euro, déi ech net kloer Fraktiounsausgabe kann zouuerdnen. Dorënner falen 88 Mol weekends an de Restaurant gaangen an 19 Méint, dat ass an der Moyenne eemol d'Woch. 11 Mol bei de Coiffer, ech wollt proposéieren, eng Tondeuse am Fressnapf ze kafen, dat wier méi bëlleg ginn."
An da wollt de Sven Clement nach mat Gerüchter opraumen, déi him an der Zäit vu Parteikolleegen zougedroe goufen.
"Am Ëmkrees vum Marc Goergen gëtt gezielt, du géifs bei d'Escorts goen an du géifs déi mat Fraktiounsgelder bezuelen. Ech hunn dat dee Moment als amüsant Anekdot ofgestempelt, et hätten all d'Alarmklacke mussen ugoen. Also ech ka formell sinn, ech sinn net bei d'Meedercher gaangen, och net bei d'Jongen."
Manner formell war de Sven Clement bei der Äntwert op d'Fro, wéi et an Zukunft bei de Pirate weidergoe wäert. Hie wier awer op alle Fall net bereet, den Numm Piraten esou séier opzeginn. Et dierft also an deenen nächste Wochen a vläicht och Méint interessant bleiwen.
Andy Maar war Member, éier Marc Goergen Member war
De laangjärege Generalsekretär Andy Maar, deen e Freideg de Moien am Interview mam Numm genannt gouf, huet antëscht via Facebook Positioun bezunn. Hien dementéiert, souwuel d'Walmanipulatioun um Kongress 2015 wéi och datt déi deemoleg Piraten, déi mat un der App geschafft hunn, eng Intentioun gehat hätten, fir sech ze beräicheren. Den Aarbechtsopwand hätt a kenger Relatioun zu der Remuneratioun gestanen. Wann een d'Envergure vun der ganzer Saach richteg ageschat hätt, hätt ee sécher villes anescht gemaach.
Den Andy Maar reprochéiert dem Marc Goergen an der Piratepartei en "toxescht Ëmfeld etabléiert" ze hunn. Hien hätt zanter dem interne Richtungswiessel a ville "Mauscheleie ronderëm d'Chamberwalen 2018" schlussendlech 2020 d'Decisioun geholl, auszetrieden.
Reaktioun vum Mandy Arendt
Mir hunn dann och déi landeswäit eenzeg Buergermeeschtesch vun de Piraten, d'Mandy Arendt, déi un der Spëtzt vu Colmer-Bierg steet, gefrot, wéi si d'Situatioun vun hirer Partei aschätzt.
"Ech gesinn dat perséinlech aktuell e bëssi schwiereg, ech mengen, et ass leider e bëssi eng Schlammschlacht ginn. Méi wëll ech mengen ech perséinlech och net dozou soen, well dat ass einfach net méi schéi fir déi Memberen, déi sech do engagéiert hunn, mat Valeuren a Wäerter. Déi gi lo wierklech vun eisen Deputéierten, déi lo nach do sinn, mat Féiss getrëppelt an dat fannen ech perséinlech ganz schued. Si sinn allebéid super Mënschen, mee dat Politescht an dat tëscht hinne mécht, datt lo ganz vill Leit dorënner leiden an dat ass net sou schéin. A wéi gesot, do halen ech mech lo léiwer raus, well dat ass wierklech net mäi Business do."
Fir d'Zukunft géing si sech wënschen, datt d'Leit sech zesummerappen an ee rëm zu deem zeréckkomme kéint, wat een zanter Jore priedege géing, nämlech Transparenz a Biergerbedeelegung.