CPJPO rifft d‘Regierung op, Palästina ouni Konditiounen unzëerkennen
E Freideg de Moie war eng méiglech Unerkennung vu Palästina Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
De Comité pour une Paix Juste au Proche Orient ass net der Meenung, dass et e Revirement an der Regierung hirer Positioun vis-à-vis vun der Unerkennung vu Palästina gëtt. Dat sot den Henri Grün, Member vum Verwaltungsrot a fréiere President vum CPJPO, de Moien als Invité vun der Redaktioun.
Ëmmerhin hätt d’Chamber scho virun 12 Joer dofir gestëmmt, Palästina als Staat unzëerkennen, wann d‘Konditioune gi sinn. Genee dat wär jo och d’Situatioun elo, bedauert den Henri Grün. De CPJPO fuerdert d‘Lëtzebuerger Regierung op, Palästina ouni Konditiounen unzëerkennen.
Den Ausseminister Xavier Bettel hat en Donneschdeg gesot, dass Lëtzebuerg Palästina unerkennt, wann de Package stëmmt, deen op der Konferenz zu New York an zwou Woche kéint proposéiert ginn. Konkret wär also weiderhin näischt, beklot de fréiere President vum Comité pour une Paix Juste au Proche Orient.
Keen Drock op Israel
Bis ewell wieren och nach ëmmer keng Sanktioune géint Israel ëmgesat ginn, sou wéi d’Cour internationale de justice et d’lescht Joer scho verlaangt hat. D’EU hätt als gréissten Handelspartner vun Israel d‘Moyenen, d‘israeelesch Regierung zu engen Revirement a Gaza an am Westjordanland ze bréngen, gëtt den Henri Grün ze bedenken. D‘Europäer géifen déi Optioun awer net notzen. Den Henri Grün bedauert och, dass de CPJPO nach net mam Ausseminister Bettel perséinlech konnt schwätzen. Et hätt ee just Entrevuë mat diplomatesche Mataarbechter vum Xavier Bettel gehat. Ma den Henri Grün gleeft souwisou net, dass de Lëtzebuerger Ausseminister op der besoter Konferenz an den USA den Ënnerscheed wäert maachen.
Eesäiteg Konditiounen
D‘Konditiounen, déi den Ausseminister Bettel genannt huet, géifen reng d’Palästinenser betreffen, keng eenzeg Israel, behaapt den Henri Grün. D‘Konditioune wären ze eesäiteg. An de CPJPO wär ganz skeptesch, ob déi israeelesch Regierung iwwerhaapt un engem dauerhafte Fridden interesséiert ass. Si géif weider Bauprojete fir israeelesch Siidlungen am Westjordanland entaméieren. An d‘israeelesch Politiker géif et stéieren, wann am Westen iwwer eng Unerkennung vu Palästina geschwat gëtt.
CPJPO géint Extremismus an Antisemitismus
Allerdéngs betount den Henri Grün däitlech, dass de CPJPO en Ënnerscheed mécht tëscht der Politik vun Israel, den Israeelien an de Judden. Et géif genuch Israeelie respektiv Judde ginn, déi mat der Occupatioun vun Deeler vum Westjordanland an dem Krich a Gaza net averstane wären.
Grad esou distanzéiert den Henri Grün sech an de Comité pour une Paix Juste au Proche Orient vun extreemen deels antisemitteschen Stréimungen an der pro-palästinensescher Beweegung virun allem am Ausland. Et kéint net sinn, dass zum Beispill an den USA oder op Unien zu Berlin jiddesch Studenten, Professeren oder Journaliste menacéiert ginn.
Den Henri Grün widderhëlt um Enn vun der Sendung awer ganz däitlech: Lëtzebuerg misst de Staat Palästina ouni Konditiounen unerkennen. Dat wär eng Flicht.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.