E Méindeg de Moie war den ACL, also de Lëtzebuerger Automobilclub Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

50.000 Mol am Joer ass den Automobile Club ACL am Asaz, am Callcenter kommen eng 200.000 Appellen un. Déi meeschten Asätzhuet den ACL wéinst Batterien a Pneuen. Dee Bilan zitt d’Generaldirektesch Miriam Eisenmenger als Invitée vun der Redaktioun. 

Dass den ACL eng reng Automobillobby wier, dat léisst d’Generaldirektesch net gäre stoen. Den ACL wier amgaangen, seng Offer auszebauen: Nieft dem klassesche Pannendéngscht bitt een och Hëllef beim Vëlo an der doucer Mobilitéit un, sou wéi Fuersécherheetstraining fir Motocyclisten. Och do wéilt een d’Offer ausbauen. 

2020 hat den ACL de Vëlossummer kritiséiert, déi gespaarte Stroosse géifen d’Automobilisten diskriminéieren. Déi Ausso géif et haut wuel esou net méi. D’Miriam Eisenmenger: "Ich sage mal, nichts ist beständiger als der Wandel, und auch der Automobilclub geet mit der Zeit und passt sich an. Wir erkennen aber auch an, dass es nur geht, wenn es ein Miteinander im Straβenverkehr gibt".

Etüd: Alkohol an Handy nach ëmmer Problemer am Trafic

Mat Bléck op déi schro Accidenter an de leschte Woche betount d’Miriam Eisenmenger, all Doudegen op de Stroosse wier een ze vill.

Tëscht Mäerz a Mee hat den ACL eng Etüd an Optrag ginn, fir d’Verkéierssécherheet an d’Verhalen am Stroosseverkéier ze beliichten, bei där iwwer 6.000 Leit matgemaach hunn. Dobäi koum eraus, dass all drëtte Chauffer schonn emol mat ze vill Alkohol Auto gefuer ass. Dat hätt si scho schockéiert, betount d’Miriam Eisenmenger. D’Etüd géing weisen, dass Onopmierksamkeet nach ëmmer e grousse Problem am Trafic wier, och mat Bléck op den Handy um Steier. Positiv wier awer, dass jonk Chauffere sech méi virsiichteg weise géifen.

7 Motocycliste sinn 2025 scho leie bliwwen. An de Motosformatioune geséich een, dass dacks d’richtegt Bremsen eng Schwieregkeet wier: "Und dann natürlich noch mal Vorfahrtstraining, Code de la Route, so blöd sich das anhört, aber ich glaube, da müssen wir nochmal ansetzen". Den ACL géif d'nächst Joer zesumme mam Centre de Formation pour Conducteurs (CFC) erweidert Schoulungen ubidden, dat och weekends. Et wéilt ee sech do nach méi professionell opstellen. 

Ausbau vun der Monnerecher Kartingpist nach net konkret 

2020 hat den ACL d’Kartingspist zu Monnerech iwwerholl, am Raum stoung d’Iddi, do och eng Indoor-Kartingspist unzebidden. Effektiv wieren do Verännerungen ugeduecht, ma et wier nach ze fréi fir Detailer ze nennen, dat kéint ee fréistens an engem hallwe Joer maachen. 

Konkurrenz belieft d’Geschäft

2022 war den ACL géint d’Assurance LALUX op d’Geriicht gaangen, well déi en eegene Panneservice ugebueden hat. De Prozess hat de Club deemools verluer. D’Miriam Eisenmenger erkläert um Méindeg de Moien, dozou kéint si net vill soen, si kéint sech just op hir Zäit als CEO bezéien. Vilfalt um Maart wier ëmmer gutt. Den ACL wier awer breet opgestallt, deemno géif ee sech do keng gréisser Suerge maachen.

Invité vun der Redaktioun: Miriam Eisenmenger

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.