Meescht Leit kafen nach ze vill Tuten am JoerVerpakungsoffall, sou wéi Tute sollen nach weider reduzéiert ginn

RTL Lëtzebuerg
Den Ëmweltministère, Valorlux an d‘Luxembourg Confederation hunn e Freideg e weideren Ëmweltaccord ënnerschriwwen an engagéiere sech domat, Verpakungsoffall ze reduzéieren a Ressource responsabel ze notzen.
© Ministère de l'Environnement, du Climat et de la Biodiversité

Am Kader vun där Zesummenaarbecht ass 2004 d‘Initiativ vum ECO-Sac lancéiert ginn, mat där d‘Plastikstuten, déi nëmmen eng Kéier benotzt ginn, aus de Supermarchée verschwonne sinn. Doduerch hätte bal 1,9 Milliarden där Tuten evitéiert ginn, heescht et haut vum Ëmweltministère. Deemno hätt ee ganzer 13.000 Tonne Plastik gespuert.

Elo wier d‘Zil fir d‘Konsumenten dozou ze kréien hir ECO-Tut esou vill wéi méiglech ze benotzen. Bis ewell kafen déi meescht Leit nach eng bis 5 där Tuten am Joer. Dat ass de Signataire vun dësem Accord awer nach ze vill a soll deemno nach weider reduzéiert ginn. D‘selwecht wëll een nach méi Efforte maachen, fir allgemeng Verpackungen ze reduzéieren.

Back to Top
CIM LOGO