En Donneschdeg de Moie ware Kanner a Jugendlecher Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

2005 hunn déi éischt Maison-relaisen hei am Land hir Dieren opgemaach mat deemools ronn 5.000 Plazen. Haut stinn iwwer 71.000 Plazen an der Dagesbetreiung zur Verfügung an dat bréngt natierlech eng Rei Erausfuerderunge mat sech, erkläert d'Danielle Schronen vum Observatoire fir Kanner, Jugend a Schoul-Qualitéit en Donneschdegmoien am RTL-Interview.

Den Zougang zur Dagesbetreiung gëllt allgemeng als Qualitéitscritère, an do stéing een zu Lëtzebuerg gutt do. Och de Curriculum wier gutt an och bei der Gouvernance an der Finanzéierung stéing ee gutt do, notamment duerch de System vun de Chèques-service Acceuil, dee mëttlerweil 820 Milliounen Euro am Staatsbudget ausmécht.

Vill verschidde Sprooche bei de Kanner a verschidde Formatioune beim Personal

Nach Plaz fir Verbesserung wier engersäits bei den Donnéeën, un deenen et nach géing feelen. D'Gestionnaire vun den Haiser missten déi liwweren a géingen dat zum Deel och schonn iwwer d'Chèques-services maachen. Mee da missten déi Zuelen nach richteg opbereet ginn, fir se kënne statistesch auszewäerten. Verbesserungsbedarf géing et och beim Facteur Personal ginn. Net just bei de Kanner géing et duerch déi vill verschidde Sproochen a Kulturen eng grouss Heterogenitéit ginn, ma och beim Personal, dat mat ganz ënnerschiddleche Formatiounen a pedagogeschen Traditiounen aus dem Ausland zeréckkënnt.

Do wier et ganz wichteg, dass ee jee no Gegebenheeten a Populatiounen an den eenzele Maison-relaise kuckt, wéi een d'Prinzippie vun der non-formaler (ausser-schoulescher) Bildung kann uwenden. Et bräicht ee systemateschen "Onboarding" wann nei Mataarbechter kommen, spréch eng Zort Preparatiounscours doriwwer, wéi dat Theoreetescht an dat Praktescht vum Terrain beieneekënnt, erkläert Danielle Schronen. In-House-Formatioune mat Team-Coaching wieren dofir, nieft der klassescher Ausbildung ganz wichteg.

Vill Personalwiessel wéinst ënnerschiddleche Loun- an Aarbechtskonditiounen

An der non-formeller Bildung gëtt et bei de Kanner am Schoulalter haaptsächlech Träger aus dem soziale Secteur, déi d'Maison-relaise geréieren, mat enger gewësser Konkurrenz zu staatlech-geréierte Strukturen. Duerch aner Lounstrukturen an Aarbechtskonditiounen entsteet eng Konkurrenz vu privaten, sozialen a staatleche Strukturen. Dat géing zu ville Personalwiessel féieren, wat net gutt fir d'Kanner wier. Grad kleng Kanner géingen doduerch hir Bezuchspersoun verléieren. Am Koalitiounsaccord géing dofir proposéiert ginn, dass Personal aus Maison-relaisen och kéint am Cycle 1 agesat ginn, fir dass se dann net méi ënnerbrache Schaffzäiten hunn. Maison relaise wiere jo komplett ronderëm d'Schoulzäite gebaut, erkläert d'Danielle Schronen. Dat géing dann och zu ongënschtegen Aarbechtszäite féieren.

Invité vun der Redaktioun: Danielle Schronen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.