En Donneschdeg de Moie waren Accidenter op de Schinnen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Leit hunn näischt op de Schinne verluer, dat huet d'Doris Horvath, Chef de Service vun der Sécherheet, der Sûreté an der Ëmwelt bei den CFL, e Mëttwoch de Moie ganz däitlech betount.

Allerdéngs huet si ënnerstrach, dass d'CFL a Gedanke bei der Famill vum jonke Mann sinn, deen de 6. August bei engem tragesche Virfall zu Leideleng ëm d'Liewe koum. Den Zuch hat an dem Fall eng Vitesse vun iwwer 100 Stonnekilometer bei der Duerchfaart, e war ënnerwee vu Lonkech a Richtung Lëtzebuerg. E jonke Mann war vum Zuch erfaasst ginn, wéi en op der Leidelenger Gare iwwert d'Gleise gelaf ass.

Esou eng Vitesse wier och erlaabt, erkläert d’Doris Horvath. D’Duerchgangszich géifen och net onbedéngt affichéiert ginn an den ëffentlechen Horairen: "Normal Passagéierzich, déi ginn affichéiert op Auris, op eisen Ecranen, do kënnt och eng Annonce. Mee et ass awer esou, datt een ëmmer muss domadder rechnen, datt egal a wéi enger Richtung kënnen Zich kommen. An déi kënne ganz schnell kommen. Do kann een net einfach dovunner ausgoen, ech kennen den Horaire a mir geschitt näischt"
 
Zwee Mol den Dag lafe Leit zu Lëtzebuerg iwwert d’Schinnen, an et géif sécher eng héich Donkelziffer, schätzt d’Doris Horvath. D’Motiv wier meeschtens, dass d’Leit wéilten Zäit spueren, d’Zich ënnerschätzen a sech doduerch a Liewensgefor beginn: "Da lafe se iwwer d'Gleiser an do kann ee falen. Den Zuch héiert een net. Den Zuch huet e laange Bremswee, bremst net esou wéi een Auto. En Zuch, wann e bremst, bleift en eréischt stoen no 1.200 Meter, dat ass dräizéng Mol d'Längt vun engem Fussballfeld. Dat ass enorm." Besser wär et duerch d'Unterfürung ze goen. An och wann een en Zuch géif verpassen, gëtt d'Doris Horvath ze bedenken: Léiwer ze spéit, wéi ni ukommen!
 
Infrastrukturell Mesuren, fir d’Leit dovun ofzehalen, iwwert d’Gleiser ze lafen, wieren net iwwerall méiglech. Et géif een zwar probéieren, d’Gleisen esou wäit wéi méiglech zouzemaachen, mee well d’Zich an d’Quaien uechter Europa net ëmmer di selwecht Längt hätten, géife Fënsteren oder Gitter wéi bei de Metroen net funktionéieren. Ausserdeem wier dat immens deier.  D'CFL setzen op Preventiounscampagnen, och an de Schoulen. 
 
Statistik: All Maschinist kritt eemol an der Karriär eng Persoun ze paken 
 
Statistesch gesinn hätt all Maschinist emol a senger Karriär de Fall, dass en eng Persoun op de Gleisen ze pake kritt, ob duerch en Accident oder e Suizid. Dat wier och schlëmm fir Maschinisten a Kontrolleren, déi kucke ginn, ob een nach hëllefe kann. Dat wier awer meeschtens net méi de Fall. Et géif eng Astreinte, fir dat betraffent Personal direkt z’ersetzen, donieft gëtt et eng psychologesch Prise en charge. D’Police kéim och op d’Plaz, fir eng Alkoholkontroll bei de Maschinisten ze maachen.

"Mir hunn ongeféier 38 Prises en charge pro Joer, tout confondu. Dat ass en Duerchschnëtt vun deene leschten dräi Joer. Mir hu festgestallt, datt d'Volontéit fir sech hëllefen ze loosse bei eisem Service Santé au travail och eropgaangen ass no Covid. Also déi Leit gi fräiwëlleg och an e Gespréich. A wann et da muss sinn, gi se och weider orientéiert fir eng Therapie ze maachen". Wann d’Maschiniste sech dann nees an d’Lokomotiv setzen, da wier déi éischte Kéier e Coach dobäi, fir ze hëllefen. 
 
D’CFL hätten 2024 e cumuléierte Retard vu 16.000 Minutte gehat wéinst Leit op de Schinnen, 300 Zich wiere guer net gefuer. Deels hätt ee Fäll, wou Leit laanscht d’Schinne spillen oder joggen. Do wier ëmmer d’Angscht, een z’iwwerrennen.

Invité vun der Redaktioun: Doris Horvath

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.