
5,9% waren zu Lëtzebuerg Enn des Jores op der Sich no enger Schaff, an 5.935 Plazen hunn trotz enger grousser Sich net dee richtege Kandidat fonnt. Den RTL Jobdag wëll en Donneschdeg nees massiv eng Hand upaken, a mat 100 Patronen aus den ënnerschiddlechsten Branchen an der City Concorde souvill wéi méiglech fräi Plazen vermëttelen. Am Virfeld huet de Patrick Greis awer och mat e puer Leit geschwat, déi de Moment näischt aneschtes maachen wéi Demanden schreiwen, Patrick Greis.
Op jobdag.lu do fann der de Léonard, de Jean-François an den Berthold erëm déi mir elo just héieren hunn. Hire Kontakt fann der op jobdag.lu, Op der selwechter Säit fann der de Plang mat allen 100 Stänn déi en Donneschdeg an der City Concorde ze fanne sinn, schéin den Themen no, genee wéi d'Patronen vun der Stonn, déi sech en Donneschdeg vun 06h00 um Radio virstellen. Jobdag.lu ass awer och elo schonn déi richteg Adress, fir an der Sichmaschinn op eng 6.700 Plazen ze stoussen.