
Traureg Zuelen gëtt et de Moment Mount fir Mount vum Aarbechtsmaart. 19.532 Leit hunn Enn Dezember d'lescht Joer no enger Plaz gesicht, an et gesäit net sou aus wéi wann et besser géing ginn, dat weisen och déi lescht Annoncen vu gëscht wou direkt zwee Betriber matgedeelt hunn dass d'Zäiten schlecht sinn, an zimmlech vill Leit mussen entlooss ginn. Mir wëllen haut e bësschen Hoffnung verbreeden mam RTL Jobdag, well et gëtt nach fräi Plazen, eleng eng 6.700 an der Sichmaschinn op jobdag.lu, a natierlech am groussen RTL Jobcenter deen haut an der City Concorde ass.
06/02/2025 Jobdag 7.40
Am meeschte gelies