
Dräimol am Joer gëtt et den RTL Jobdag, an all Kéier op enger anerer Plaz. Vun 8 Auer un kann een muer säin Gléck um Belval versichen, wou méi wéi 90 Stänn just drop waarden, Leit, déi op der Sich sinn, eng Plaz ze vermëttelen. D'Zäiten um Aarbechtsmaart sinn de Moment net roseg, fir keen, och net fir d'Patronen. Awer hei sinn zwee Kandidaten déi hier Chance verdéngt hunn.
Déi do zwee sinn voll motivéiert, an dir sollt muer och sämtlech Chancen notzen déi sech vun 8 Auer un um RTL Jobdag um Belval bidden. 90 Patronen aus alle Beräicher sinn mat hirem Stand do, donieft stelle mer hei um Radio vun 6h30 un all Stonn zwee Patronen vir, mat hiren Jobofferen. Eng Iddi wat sech muer bitt, fann dir aktuell op jobdag.lu. wou een och elo schonn duerch méi wéi 7200 fräi Plazen scrolle kann.