Den CSV Inneminister Léon Gloden war gëschter op Wonsch vun déi Gréng an d’Chamberkommissioun geruff ginn, fir iwwert de Sujet vun der Sécherheet an dem Sécherheetsgefill ze schwätzen. Mat am Gepäck hat hien déi rezent Zuele vu der Kriminalitéitsstatistik, déi senger Meenung no weisen, dass d’Politik vun der Regierung éischt Friichten géing droen. Dat gesinn awer net all d'Deputéiert esou. Diana Hoffmann

09/01/2025 Chamberkommissioun Sécherheet 7h30 (Online)