
Majo mol hei an mol do. Ech war gëschter zum Beispill de ganzen Dag am Utah ënnerwee. Enger Etüd* vun 2015 no ass dësen Staat am Südwesten een vun den "republikaneschsten" an den USA. Zanter 2020 huet Utah a 17 vun 18 Presidentielle rout gestëmmt. An dat huet een Haaptgrond: d'Mormonen. Déi sougenannt Church of Jesus Christ of Latter-day Saints (LSD; op Däitsch Kirche Jesu Christi der Heiligen der Letzten Tage) maachen 42 Prozent** vun all de Residenten an dësem Bundesstaat aus. An si sinn grad am Utah extrem konservativ an leien deemno méi op enger Linn mat de Valeure vum Donald Trump.

Aktuell bass du awer am Arizona oder?
Stëmmt, ech sinn net wäit vum Grand-Canyon. Arizona ass een haart-ëmkämpfte Swing State. Hei ginn et ronn eng hallef Millioun Mormonen op ronn 7 Milliounen Awunner. 2016 huet den Trump hei mat 3,5 Prozent géint d'Hillary Clinton gewonnen. 2020 huet hie mat manner wéi engem Prozent de Vott un de Biden verluer. D'Mormonen hunn duerch hir Pionéier-Vergaangenheet e Probleem domat dass hien sou haart géint d'Migratioun virgeet. An och dass den Trump d'Verfassung a Fro stellt an eng Verantwortung ze droen huet, bei der Attack op d'Kapitol 2021. Op der anerer Säit ass d'Kamala Harris fir e Recht op Ofdreiwung - domat hunn d'Mormonen e Problem.
Du hues awer am Ufank ugedeit, dass och aner Communautéiten eng grouss Roll kéinte spillen. Wien ass dann domat gemengt?
Gutt dass de frees. Ech war gëschter am Monument Valley hei an Arizona. All Mënsch kennt déi impressionant Wüstelandschaft mat deene grousse Fiels-Formatiounen... hei goufen ALL d'Western gedréint - de John Wayne seet Bonjour.
Wat hei wichteg ze wëssen ass, et ass Navajo Territoire. Dat ass déi zweet gréissten Native-American Communautéit an den USA mat ronn 300.000 Leit. D'Navajo hunn hir eege Gesetzer, hir eege Geriichter, hir eege Police. Verschidde wonnerschéin Touristen-Attraktioune wéi den Anteleope Canyon dierf een och just kucke goen a Begleedung vun engem Member aus där Communautéit.
Wei eng politesch Haltung hunn d'Navajo dann?
Navajo goufen als Vollek laang ënnerdréckt a net wouer geholl an si sinn och haut nach ëmmer ënnerrepresentéiert. Mee si maachen am battleground state Arizona 6 Prozent vun der Populatioun aus. An wann een weess, dass et an de Swing States dacks op manner wéi 1 Prozent ukënnt, dann weess een firwat sech Harris an Trump sou drugi fir bei dësen Leit unzekommen.
Zeréck zu denger Fro: ech hu gëschter eng Tour gemaach an eis Guidin gefrot. Si wollt keen Interview ginn, well dat net Deel vun hirer Kultur ass, mee si hutt mer erkläert, dass d'Navajo eigentlech ëmmer pro-Demokratesch wielen. Also déi, déi iwwerhaapt wiele ginn. Wéi gesot, hunn der vill mol net eng richteg Adress, well se an Hütten an der Pampa liewen. Ouni Adress, huet een och kee Recht ze wielen. D'Navajo wielen - der Guidin no - meeschtens demokratesch, well d'Symbol vun den Demokraten en Iesel ass. An dat vun de Republikaner en Elefant. An der Kultur vun den Navajo-Indigène sinn Ieselen en Zeeche fir Loyalitéit a Sécherheet.

Wéi vill Folklore ass dann do dran a wéi vill Realitéit?
Ha, du hues Recht. Dat kann ech natierlech net préiwen. Mee e weidert interessant Element. Navajo-Communautéit ass matriarchalesch. D'Proprietéite gehéieren de Fraen an d'Fraen ierwen virun de Männer. A genee dofir misst een absolut elo als Navajo nach méi fir d'Demokrate stëmmen: domat hätt een net just eng Fra, mee och nach eng schwaarz Fra, also eng Representantin vun enger Minoritéit.
Annick Goerens aus dem Arizona, zeréck op Lëtzebuerg.
*https://news.gallup.com/poll/181475/massachusetts-maryland-democratic-states.aspx
**Den Pourcentage geet souguer erop bis op deels 60 Prozent, mee vill praktizéieren hir Relioun net méi wierklech an wëllen dofir och net onbedéngt als LSD presentéiert ginn
De ganzen Dossier mat alles ronderëm d'US-Walen: Interviewen, Reportagen a Fotoen fannt der natierlech online bei eis op rtl.lu