Firwat net eng Kéier «jidereen» iwwert d’Auslännerwahlrecht froen? Zum Beispill iwwert e konsultative Referendum, bei deem och Net-Wieler kéinten deelhuelen. Déi Fro huet den CSV-Députéierten Ricardo Marques de Moien hei op RTL opgeworf. Den 31-Joer alen Psycholog vun Iechternach sot, datt een bal 10 Joer nom läschte Referendum op d’mannst e Bilan misst zéien. Fränz Aulner

31/10/2024 BAND Résumé Invité Marques 12h40 (Online)