Dem neiste Bilan no si bei den uergen Iwwerschwemmungen an der Regioun Valencia an der Nuecht op e Mëttwoch op d'mannst 155 Leit ëm d'Liewe komm, dat huet de Minister fir Territorialpolitik Ángel Victor Torres an engem Interview mat der nationaler Tëleeschaîne TVE bekannt ginn. Et mellt sech de Jeff Caldarelli vu Barcelona mat weideren Detailer zu der Katastoph.
Dat ganzt Ausmooss vun der Zerstéierung ass nach net ofzegesinn. Besonnesch d'Regioun em Valencia am Südoste vu Spuenien war jo vun de schlëmme Wiedere getraff ginn, déi en Dënschden an e Mëttwoch iwwert en Deel vu Spuenie gezunn sinn. Bis elo ginn d'Autoritéite vun iwwer 100 Doudegen aus. Mä et ginn och nach ëmmer Dosende Leit vermësst. Plazeweis waren de Moien och nach Leit vun der Aussewelt ofgeschloss. Zu Valencia ewéi och an Deeler vun Andalusien a Kastilien-La Mancha koum et zu deels ganz heftegen Iwwerschwemmungen, bei deene grouss Bulliswellen Autoen, Beem an deels och Brécken ewechgerappt hunn. Op verschiddene Plazen huet et bannent e puer Stonnen esou vill gereent ewéi soss a bal engem Joer. D’Secouriste waren iwwerall am Asaz fir Leit aus der Nout ze hëllefen, dëst deels och mat Helikopteren. Den Zuchverkéier an der Regioun ass gréisstendeels ausgefall, a vill Flich goufe gestrach. Och eng Partie Autobunnen hu misse gespaart ginn an de materielle Schued ass ganz héich.
D’Meteorologen hu vun de schlëmmsten Iwwerschwemmungen a Spuenien a bal 30 Joer geschwat, an d’Phenomen mat Hurrikanen an Troperegioune verglach. Déi spuenesch Regierung huet vun haut un eng Staatstrauer vun dräi Deeg dekretéiert. De Moien ass de Premier Pedro Sanchez op Valencia gereest. Wärend d’Rettungsaarbechten weider ginn, héiert een antëscht och Kritik um Krisemanagement. Iwwerdeems huet de Regierungschef vun der Regioun Valencia huet d’Kritik zeréckgewisen d’Leit wieren ze spéit gewarnt ginn. Déi Responsabel hätte sech strikt un d’Virgaben gehalen.
Spuenien ass zënter Joren och mat Hëtztwellen an Dréchente geplot. Klimatologe warnen elo iwwerdeems, datt een am Kontext vum Klimawandel an Zukunft leider méi dacks mat esou extreme Wiederphenomener wäert rechne mussen. Vu Barcelona de Jeff Cardarelli fir RTL