Objeten, déi Archeologen bei hirer Aarbecht um Terrain fannen, kommen an den INRA, den nationalen Institut fir archeologesch Recherchen. D'Mënz, d'Schanken, d'Schierbelen, d'Schong, d'Bijouen oder d'Holzstécker, déi honnerten oder dausende Joren am Buedem verstoppt waren, sinn allerdéngs ni propper, esou wéi een dat aus engem Musée gewinnt ass.
Fir datt d'Wëssenschaft hir Conclusiounen aus dëse Stécker kann zéien mussen se restauréiert ginn. Eng besonnesch Aarbecht, déi zu Lëtzebuerg zum Beispill vun der Lotte Maue gemaach gëtt. D'Dany Rasqué huet si an hirem Atelier besicht a war fuerwezeg wéi hir Aarbecht géif ausgesinn.
04/11/2024 Restauratrice INRA online DR
Am meeschte gelies