Den 23. Oktober hat sech de Gemengerot vu Bettenduerf mat 7 Nee- géint 4 Jo-Stëmmen dogéint ausgeschwat, weider un de Gespréicher iwwert eng Nordstadfusioun ze participéieren. Déi Entscheedung schéngt awer laang net all de Bierger vun der Gemeng ze gefalen. Et huet sech nämlech eng "Biergerinitiativ Pro Referendum an der Gemeng Bettenduerf" forméiert, déi elo Stëmme sammelt, fir datt d'Bierger no hirer Meenung gefrot ginn. Ma souguer bei engem Succès ass net kloer, ob de Gemengerot de Wielerwëlle respektéiere wäert.

05/11/2024 BAND Referendum zu Bettenduerf? 17h40 (online)

"Mir huet et als Bierger d'Loft ewech geholl", esou kommentéiert d'Anouk Wagner vun der Biergerinitiativ de Vott vum Gemengerot, dee si sech op d'Plaz ukucke war. Natierlech wieren d'Volleksvertrieder an hirem Rôle, wa se Decisiounen géingen huelen, mee ...

"Ech menge just an deem heite Kader war et scho virun de Wale ganz kloer, de Fahrplan vun der Nordstad, dee war bekannt, datt 2027 ee Referendum fir déi fënnef Gemenge wier, wou d'Bierger kéinte wielen. A wann een dat um leschte Stëppel no sou vill Jore Verhandlungen ewech hëlt, dann hannerléisst dat halt ee Bäigeschmaach."

A well si mat där Meenung net eleng do steet, hunn no de Wale fënnef Persounen, dorënner déi viregt Buergermeeschtesch Pascale Hansen, d'Biergerinitiative fir de Referendum gegrënnt. Aktuell hätt een eng 15-17 Memberen, déi Ënnerschrëfte sammelen. Ee Fënneftel vun de Walberechtegte muss eng Initiative ënnerstëtzen, fir datt ee Referendum organiséiert gëtt. Zu Bettenduerf entsprécht dat ronn 430 Leit, bis elo hätt ee knapps ee Véierel zesummen. Bei der Biergerinitiative leet ee Wäert drop ze betounen, datt et keng Ofstëmmung fir oder géint d'Nordstadfusioun wier.

"Mir hunn an eiser Ekipp, déi Ënnerschrëfte sammele geet och Leit, déi ganz kloer soen, ech sinn net fir d'Nordstadfusioun, fir dat ganz kloer ze soen. Dat ass och dat, wat immens schéin ass am Moment, d'Leit schwätze ganz respektvoll mateneen. Et geet guer net ëm Pro oder Kontra Nordstad, et geet  eis wierklech dorëms, datt mir als Bierger kënne gehéiert ginn."

Et wéilt een dann och all walberechtegte Bierger froen, ob en ënnerschreiwe wëllt, esouguer wann de Seuil schonn areecht wier. 

De Buergermeeschter Patrick Mergen betount, datt et d'Recht vun de Bierger wier, esou eng Initiativ ze starten. Hie verweist awer och dorop, datt d'Resultat vun engem Referendum de Gemengerot zu näischt verflicht.

"Et ass also eppes Consultatives, dat heescht de Gemengerot muss dem Wielerwëllen do net nokommen. Ech menge mir hunn an der Vergaangenheet d'Beispill vu Wäiswampech gesinn, do hat de Gemengerot déi doten Decisioun net geholl. Mir sinn an enger Situatioun dran, mir hate siwe Leit am Gemengerot, déi géint ee Weiderféiere vun de Gespréicher waren. Ech kann elo fir de Moment net soen, wéi d'Reaktioun wäert sinn. Ech mengen, et muss een iwwert alles diskutéieren."

Hie géing et awer schwiereg fannen, wann déi Conseilleren, déi géint d'Fusiounsgespréicher gestëmmt hätten, dozou gezwonge géinge ginn, sech rëm dorunner ze bedeelegen. Wann de Vott net mat Siwen zu Véier, mee just mat Sechs zu Fënnef respektiv Fënnef zu Sechs ausgaange wier, hätt een als Schäfferot iwwerdeems souwisou ee Referendum proposéiert. De Patrick Mergen gëtt awer och ze bedenken, datt et net just vu Bettenduerf, mee och vun deene véier aneren Nordstadgemengen ofhänke géing, ob ee rëm un de Fusiounsgespréicher deelhuele kéint. An do hätt hien e Méindegowend an enger Sëtzung vum Nordstadsyndikat een zimmlech kloert Signal kritt.

"Do seet ech, ma deemno wéi et ausgeet, sëtzen ech an e puer Méint rëm bei Iech um Dësch. Déi Bemierkung war awer net sou gutt ukomm. Et ass éischter gemengt ginn, déi On-Off-Geschicht géing een net esou appreciéieren. Dat heescht, et ass momentan fir d'Nopeschgemengen éischter kloer, datt Bettenduerf eraus ass."

Raus wier de Schäfferot awer och dann net, wann d'Biergerinitiativ mat hirem Referendum Succès hätt. All Member vum Conseil hätt fräi kënnen ofstëmmen. Wärend de Patrick Mergen fir ee Weiderféiere vun de Fusiounsgespréicher gestëmmt hat, waren d'Schäffen Andy Derneden a Lucien Kurtisi dogéint.