Am Oktober 2024 war zu Singapur de Weltkongress vun de Käch. An do gouf deen éischte Lëtzebuerger, den Alain Hostert, an de "Board of Direction" gewielt, an ass elo General Sekretär vun Worldchefs. An sech d'Stëmm vun de Käch ronderëm de Globus. Mam Ziel och di kulinaresch Standarden héich ze halen an ze optimiséieren.

De Christian Schmit huet sech mat him iwwer seng nei Missioun ënnerhal.

10/01/2025 Itv Alain Hostert Worldchefs (MAT USO)

Jo a genee do wou den Alain Hostert seng Ausbildung gemach huet, an der EHTL zu Dikrech. Der Ecole Hôtelière et du Tourisme Luxembourg. Do ass hien zënter 2007 Enseignant an elo och scho 4 Joer Attaché de Direction. Natierlech kenne mir dee Personnage och als Vizepresident vum Vatel Club Lëtzebuerg a Koordinator vun der EXPOGAST an dem Culinary World Cup.
Zënter Oktober elo da jo och General Sekretär fir de Weltverband vun de Käch.

Di Nominéierung koum net vun ongeféier, war een dach schonn e puer Joer Continental Director fir Zentraleuropa.

Wat ass elo di konkret Missioun vum General Sekretär?

Sinn de Verdeeler vun eisem Executive Board. Mir hunn da nach kontinental Direkteren, also mir si gutt opgestallt. Mir hunn iwwer 200 Leit weltwäit aus 68 Länner mat agebonne kritt fir matzeschaffen. An dat ass e bësschen eis Zil, all Mënsch muss mat hëllefen. Vill kleng Hänn maachen kleng arbechten, an zesumme kréie mir eppes Grousses. An dat ass meng Aarbecht am Moment dat Ganzt e bësschen ze koordinéieren. Puer Honnert Mailen d'Woch, vill Schweess a vill Google Translate fir dat Ganzt iwwer d'Bün ze kréien.

Wéi vill kann e sech do abréngen fir de Beruff vum Kach an di grouss Welt vun der Hospitality ze verbesseren a virunzedreiwen?

Mir héiere jo dach vill, och hei am Land, dass mir Problematik hu fir Käch ze fannen. dat Ganzt ass weltwäit de Fall. Mir sinn am gaange vill Jonker mat u Bord ze kréien. Vill jonk Gesiichter och weltwäit mat dobäi ze kréien. fir di verschidde Kontinenter mat ofzedecken. Pacific Rim vun de Fidschi Inselen hu mir elo e jonkt d'Meedche mat dobäi kritt. Dat ass och ganz wichteg dass mir di Jonk an och de Kontakt zesumme kréien.

Natierlech huet dat mat Reesen ze dinn, awer och fir eis Kichen, eis Regioune fir di aner Leit och interessant ze maachen.

Apropos reesen, ass den Alain Hostert elo permanent ënnerwee?

Den Alain Hostert war scho vill ënnerwee, permanent géing ech soe net. Ech mengen hautdesdaags si mir mat vill Mailen ënnerwee, wëll natierlech muss een och nach e bëssche schaffen.

Huet di Nominatioun bei Worldchefs och eventuell en Afloss op d’Gastronomie hei zu Lëtzebuerg?

Indirekt huet et en Afloss. Mir hu natierlech de ganz groussen Highlight d'Expogast déi hei zu Lëtzebuerg ass. Dat heescht op der gastronomescher Weltkaart si mir scho gutt drop vertrueden. Jo natierlech mir, Lëtzebuerg wäerte nees en Dir Öffner sinn. D'Leit wëssen dass si kënne bei mech kommen, wann eppes gefrot ass, fir ze hëllefen di eng oder aner Dir opzemaachen. 

 

Dat anert Joer 2026 dierfe mir nees d' EXPOGAST hei am Land erliewen. Och déi kritt eng aner Nues duerch de General Sekretär bei Worldchefs deen e Lëtzebuerger ass?

Jo mir hu méi Länner déi wëlle bei eis kommen. Mir hunn och méi kleng a méi exotesch Länner déi wëlle kommen. Natierlech musse mir kucken, wat pake mir, wat kënne mir maachen, wat sinn d'Pläng fir 2026. Mir versichen et do fir jiddereen et esou gutt wéi méiglech ze maachen.

 

Da wënsche mir vill Erfolleg an där neier Missioun. Entouréiert ass den Alain Hostert vun sengem President Andy Cuthbert deen zu Dubäi schafft, an zum Board gehéiere nach Memberen aus Norwegen, Däitschland, an Australien.

www.worldchefs.org