
Op Silvester hu mer iwwert een Urteel vun der Cour administrative bericht, an deem eng Decisioun vum Inneministère aus dem Joer 2020 annuléiert gi war. Dobäi goung et ëm d'Klasséierung vu verschiddenen Terrainen um Léibierg zu Schieren. D'Gemeng war opgefuerdert ginn, an engem zweete Vott hiren neie PAG ze veränneren. De fréiere Buergermeeschter André Schmit, deen zu de betraffene Proprietäre gehéiert, hat dowéinst geklot a krut um Enn a leschter Instanz Recht. Eng Decisioun, déi Repercussiounen op dat ganzt Land huet, Marc Hoscheid.
13/01/2025 BAND Affaire PAG Schieren 07h15 (online)
Am meeschte gelies