De 16. Dezember 1944 huet d'Ardennenoffensiv ugefaangen. Et war dat déi Landschluecht wärend dem Zweete Weltkrich, bei där d'Amerikaner déi meeschte Verloschter erlidden hunn. Ma och d'Zivilpopulatioun gouf schlëmm getraff, an der Belsch sinn eng 2.500 an zu Lëtzebuerg ronn 500 Leit gestuerwen. Zudeem goufen am Éislek vill Dierfer quasi komplett zerstéiert. Fir un d'Evenementer vun deemools ze erënneren, hu mer de Podcast "80 Joer Battle of the Bulge - Lëtzebuerg wärend der Ardennenoffensiv" lancéiert. Fir doriwwer ze schwätzen, ass de Marc Hoscheid aus der Noriichteredaktioun bei mer. Gudde Moie Marc, wou si mer da lo beim Podcast drun?