Geschwënn ass et rëm esou wäit, déi 61. Editioun vum Autofestival steet virun der Dier. Wie virhuet, sech en neien Auto ze kafen ass do op der richteger Plaz. Am Moment kämpft d’Automobilindustrie awer mat enger onsécherer Zukunft. D’Leit kafe manner Autoen. D'Carla Schuller.

13/01/2025 BAND Autofestival 17h40 / Carla Schuller (Internet)

D’Automobilitéitsbranche ass an enger Transitiounsperiod. Nei Saachen kommen op de Client zou. Do gesäit een heiansdo de Bësch vu lauter Beem net méi. Opshonn et een esou groussen Choix gëtt, investéieren d’Leit ëmmer manner an nei Autoen.
Dem SNCA no gi zanter der Coronakris manner Gefierer immatrikuléiert. Och wann et schéngt wéi wann sech den Negativtrend emdréint, wäerten d’Rekordzuele vun de Jore virdrun an der noer Zukunft warscheinlech net erreecht ginn.
D’Leit halen hier Autoen ëmmer méi laang, erkläert de Philippe Mersch, President vun der FEDAMO:
“Den Alter vum Fuerpark geet an d’Luucht, dat ass eng Tatsaach. Dat ass engersäits gutt fir eis Concessionnairen, déi d’Maintenance un den alen Autoe maachen. Anerersäits ass awer och e Renouvellement do. Ech denken et ass eng zimmlech natierlech Situatioun.”

D’Akafsgewunnechte vun de Clients änneren sech. Den Diesel verléiert u Bedeitung an den Elektroauto gëtt ëmmer méi beléift.
De Manuel Ruggiu, Directeur Operationell vum SNCA:
“Bei den Elektroautoen hu mer e gewaltege Sprong gemaach. Mir si bei iwwer 27%. Bei de Plug-in-Hybride, do stagnéiere mer, do si mer e bësse réckleefeg. Allgemeng komme mer awer op 36% vun elektrifizéierte Gefierer, wat zimmlech héich ass wann ee kuckt wat d’Nopeschlänner umellen.”

Fir d’Elektroautoen bei den Leit méi attraktiv ze maachen, misst den Staat awer virun allem an d’Infrastruktur investéieren. Esou kéint een d’CO2-Emissiounen progressiv reduzéieren:
De Philippe Mersch:
“Wichteg ass, dass weider an alles wat Netzstäerkt ass, investéiert gëtt. Soudass mer souwuel industriell Bornë kënnen installéieren an natierlech, dass Privatclienten an hire Residenzen, Méiglechkeet kréien, eng Bornen ze installéieren. Do sinn nämlech nach ëmmer ganz vill froen déi opstinn. An neie Residenze geet dat mee beim besteeënden Habitat kann een dat nach developpéieren.”

Bis 2030 kéint ee bei 40% Elektro-Autoen am Fuerpark am Land leien. Domadder läit Lëtzebuerg wäit virun den Nopeschlänner.
Trotz de Verännerungen geet den SNCA dovun aus, dass dëst Joer méi nei Autoen kaaf ginn.

Den Autofestival fänkt de 25. Januar un an dauert 10 Deeg. Am Ganze ginn et 170 Showrooms uechter d'Land.