
Nach weess keen ob a wéini Google op Biissen kënnt, mä gëschter huet de Gemengerot eng weider Etapp fir en eventuellen Datenzenter geholl.
Mat de 7 Jo Stëmmen vun der Majoritéit a mat zwou Enthalungen an enger Nee Stëmm vun der CSV Oppositioun, gouf d'Convention d'exécution zum PAP an de Projet d'exécution ugeholl. Dat bedeit datt d'Prozedur um Niveau vum PAP ofgeschloss ass.
Eng Demande fir eng Baugeneemegung vu Google gëtt et awer nach net, Dany Rasqué.
14/01/2025 Gemengerot Biissen Google Internet DR
Am meeschte gelies