Sinn den Donald Trump an den Elon Musk, deem jo ënnert anerem d'Plattform X gehéiert, eng Gefor fir eis Demokratien?
Déi Fro huet d'Caroline Mart gëschter Owend am Kloertext op der Tëlee opgeworf.

Vun de 4 Invitéën war just een -den Affekot Pol Urbany- der Meenung, datt si keng Gefor sinn, genee sou mann wéi de Mark Zuckerberg, deem sengem Konzern Meta Plattformen wéi Facebook oder Instagram gehéieren.
D'Dany Rasqué resuméiert d'Diskussioun.

17/01/2025 KLoertext online DR