An deene leschte Méint a Jore gouf méi dacks 
iwwert d'Sécherheetssituatioun respektiv d'Sécherheetsgefill 
zu Ettelbréck diskutéiert. Zanter Dezember gëtt et een neien Ament: 
et patrulléieren ewell d'Agente vun enger Sécherheetsfirma 
duerch den Ettelbrécker Zentrum. 
A wann een deene Responsabele gleewen duerf, 
dréit déi Mesure och hier Friichten, Marc Hoscheid.

17/01/2025 BAND Sécherheet Ettelbréck 12h40 (online)