Wa Butteker méi laang op sinn, gëtt et wuel méi Aktivitéit an da brauch een wuel och méi Leit. D’Fro ass awer ob een d’Leit fënnt fir den Job ze maachen. Esou huet d’Direktesch vun der Adem Isabelle Schlesser de Moien hei op RTL de Projet vun der Regierung fir d’Ouvertureszäiten am Commerce ze verlängere commentéiert. De Problem um Aarbechtsmaart wier nämlech nach ëmmer deen, datt d’Entreprisen et engersäits schwéier hättë Leit ze fannen an anerersäits d’Zuel u Leit ouni Aarbecht weider klëmmt. Fränz Aulner
17/01/2025 BAND Résumé Invitée Schlesser 12h15 (Online)
Am meeschte gelies