Wéinst der Digitaliséierung sichen ëmmer méi Entreprisen no IT-Spezialisten. 
Den Jobdag vun der ADEM huet sech dës Kéier spezifesch u Leit aus dem Informatiouns- an Technologie-Beräich adresséiert.
D'Carla Schuller war op de Belval kucken.

16/01/2025 BAND Jobdag IT Beräich -17h40- C. Schuller (Internet)

Fir d’éischte Kéier gouf et dës speziell Formule vun engem IT-Jobdag. Méi wéi 1'000 Visiteuren goufe gezielt. Et ass eng Zesummenaarbecht tëscht der Aarbechtsagence ADEM an dem Digital Learning Hub um Belval. Op 32 Stänn konnten Interesséierter sech e Bild maachen. 

D'Exposante koumen awer net nëmmen aus dem Beräich vun der Technologie.  Och Firmen, déi hiren eegenen IT-Beräich ausbauen wëllen ware present. Dësen Jobdag wier virun allem wichteg fir d'Orientatioun vun de Studenten, erkläert den Dr. Serge Linckels, Responsablen vum Digital Learning Hub:

“Mir hunn am Moment bei 42 Luxembourg, d’Coding School, ganz vill nei Graduéën, déi elo op den Aarbechtsmarché kommen. Hei ass elo en idealen Moment fir hinnen eng Perspektiv ze bidden fir schaffen ze goen. Déi éischt Graduéën sinn fäerdeg an déi nächst 20, 30 kommen. Mir hunn bal 300 am Circuit. Den Beruff vum Programmeur ass hei zu Lëtzebuerg eigentlech den, den am meeschten gesicht gëtt an dowéinst wollten mer déi relativ séier dem Aarbechtsmarché zur Verfügung stellen.”

Bei de Visiteuren ass den Jobdag gutt ukomm:

“Ech fannen dat ganz wichteg, well bei denen ganz allgemengen Jobdeeg ass et heiansdo schwéier wann een selwer Spezialist an eppes ass fir dann déi richteg Ecoute bei den Firmen ze kréien. D’Firmen sinn den Dag jo och fir alles do.”
“Ca prouve que l’IT est un domaine qu’on met en avant. Qui pourrait imaginêr un monde sans IT aujourd’hui. C’est pour ça que je trouve ça bien de consacrer cette journée au monde de l’IT. Il y a plus de sociétés qui sont basées dans l’IT.”

“Ech fannen et ganz wichteg, et ass eng Branche, déi an der Evolutioun ass. Et ginn ëmmer méi Leit, déi Posten hei sichen an et ginn vill Posten, déi fräi sinn. Dofier ass et gudd, well ech gesinn jo wéivill Leit hei sinn.”

Op engem spezialiséierten Jobdag huet een d’Chance direkt mat den richtegen Persounen an Kontakt ze trieden an seng Kompetenzen ze weisen. Um Belval waren awer net nëmmen Employeuren, mee och Insituter, déi Formatiounen ubidden.