Bis spéit an d'1980er Joren eran gouf ausschliisslech de männleche Kierper als Modell studéiert an bis spéit an d'1990er Joren goufen Medikamenter ausschliisslech u Männer getest. Dat huet bis haut ganz uerg Konsequenzen, Annick Goerens

17/01/2025 Sexismus an der Medezin / Reportage: Annick Goerens

Am Verhältnis gekuckt stierwen nämlech vill méi Fraen un engem Häerzinfarkt wéi Männer, obwuel d'Männer statistesch gesinn méi dacks een Infarkt maachen. Donieft ass et awer esou, dass d'Symptomer vu Fraen dacks net eescht geholl, erkläert Dr. Emmanuelle Wilhelm. Si schafft an der Parkinson-Recherche zu Madrid.

“Wat mer och mierken als Dokteren an dat ass och absolut wichteg ze soen, ass d’Frustratioun vun de Fraen. Dat heescht d’Frustratioun vun de Fraen déi bei den Dokter ginn, mat hire Symptomer, déi mir vläicht an eisem Referenz-System esou net geléiert hunn. An dann gëtt dat schnell etiquetéiert als “si erfënnt sech dat elo”, also t’ass si net eescht geholl ginn. Do sinn vill Fraen,  also Patienten am Generellen, ma virop Fraen frustréiert mat der prise en charge bei den Dokteren, dass se fillen dass hinnen net nogelauschtert gëtt an dann och éischter no Alternativ-Medezin sichen.”

Mee net just bei der Prise en charge, sinn d'Fraen benodeelegt. Och an der Recherche gouf ganz laang keen biologesche Ënnerscheed gemaach, tëscht Männer a Fraen.

“Wann mer Medikamenter verschreiwen, déi ginn vu Fraen a Männer net op déi nämmlecht Aart a Weis vum Kierper verschafft. Dat heescht Pharmakodynamik an Pharmakokinetik kann fir Männer a Fraen verschidden sinn, duerch hiert Kierpergewiicht, hier Anatomie, hiren Usaz vu Fett asw. Dann kënne Fraen schnell iwwerdoséiert sinn oder dass duerch de menstruale Zyklus d'Medikamenter deelweis kënne méi geféierlech sinn, well de menstruale Zyklus och deelweis een Effet huet op d'Konzentratioun vun de Medikamenter."

Och hei zu Lëtzebuerg huet een den sougenannten Gender-Bias an der Medezin um Schierm, erkläert Dr Françoise Berthet, Presidentin vum Observatoire national de la Santé.

“Notre mission est aussi de faire de la lumière et le plus de lumière possible sur cette problématique pour soutenir les politiques de santé. Maintenant lancer une étude, ce n'est pas notre rôle. Par contre l'exploitation de données déjà existantes, c'est dans nos missions. Et là il y a, en réalité, déjà beaucoup de données existantes, qui pourraient être exploitées. Laissez-nous juste un petit peu de temps pour pouvoir le faire. ”

Op alle Fall misst elo iwwerall, mee och am Grand-Duché, e groussen Effort gemaach ginn fir op dës Problematik ze sensibiliséieren.

“Tant au niveau des professionnels de santé eux-mêmes qu’au niveau de la population. Parce que souvent ce qu’on entend c’est qu’il y a des différences d’accès au soin, des différences dans la couverture des soins. Les femmes déclarent plus souvent qu’elles ont des besoins non-satisfaits ou qu’elles n’ont pas été entendus.”

Och bei der Recherche misst onbedéngt eppes geschéien fir dass Fraen genee sou gutt kënnen diagnostizéiert an therapéiert ginn wéi Männer. Historesch gesinn wieren Etüden iwwer Geschlechter-Ënnerscheeder nämlech ënnerfinanzéiert. Béid Dokteschen sinn sech och eens, dass am Enseignement vun den zukünftegen Dokteren nach vill Efforten mussen gemaach ginn.