
Et war ee Sujet, dee virun enger Partie Joren nawell méi héich Welle geschloen hat: de geplangte Bau vun enger Seniorenresidenz an der Rue de l'hopital zu Dikrech. Ma um Enn hat d'Verwaltungsgeriicht de Projet gekippt, well en net mat de Krittäre vun enger Zone de bâtiments et équipements publics kompatibel war. Am Mee 2023, also kuerz virun de Gemengewalen, hat déi deemoleg LSAP-Majoritéit den Terrain fir knapp 10 Milliounen Euro kaaft, fir hei een neie Conservatoire ze bauen, d'Pläng fir d'Gebai inclus. Ma mëttlerweil ass och dee Projet vum Dësch. Elo wëllt een den Terrain an der Rue de l'hopital halen, falls d'Primärschoul ausgebaut muss ginn. De Conservatoire soll iwwerdeems vum Schlass Wirtgen an d'Sauerwiss plënneren. Pläng, déi bei der Oppositioun net onbedéngt op Begeeschterung stoussen, Marc Hoscheid.