De Large-Scale_Testing an der Corona-Pandemie geheit 5 Joer méi spéit vill Froen op : An engem rezent verëffentlechte Rapport kritiséiert de Rechnungshaff eng ganz Rëtsch Punkten, ënnert anerem, dass d’Budgetsposten net ëmmer kloer opgeschlësselt waren. 160 Millioune waren deemols alles an allem budgetiséiert ginn. Den Infektiolog Gérard Schockmel hat schonn an der Pandemie net mat Kritik gespuert, a bleift haut och als Deputéierten dobäi : Hei goufe Suen zur Fenster erausgeheit, Anne Wolff 

27/02/2025 Invité: Gérard Schockmel- Reportage Anne Wolff