Haislech Gewalt, sexuelle Mëssbrauch, psychologesch Folter – all Dag erliewe Fraen a Kanner, munchmol och Männer dës schrecklech Realitéit. Net iergendwou, hei zu Lëtzebuerg. Dofir huet d’Associatioun La Voix des Survivant(e)s haut hier Reformvirschléi un d’Chamber  iwwerreecht. Eng Aktioun an der Hoffnung, datt sech eppes ännert. Emmanuelle Schmit

27/02/2025 La Voix des Survivant(e)s / Reportage : Emmanuelle Schmit

« La Voix des Survivant(e)s" ass eng Associatioun vun Affer fir Affer. Et si Fraen a Männer, déi selwer Affer vun haislecher Gewalt oder sexuellem Mëssbrauch waren, an déi decidéiert hunn, net méi de Mond ze halen. Ënnert hinne sinn och Affekotinnen, déi net nëmmen hier perséinlech Erfarung, mee och hir juristesch Expertisen afléisse gelooss hunn, fir e ganz konkret Reformprojet auszeschaffen.
D’Petitioun 3409, déi den 3. Januar mat 5009 Ënnerschrëften ofgeschloss gouf, hätt kloer gewisen: d’Biergerinnen a Bierger wëllen, datt d'Lutte géint Gewalt opgrond vum Geschlecht méi Prioritéit kritt.
D’Propos ass kloer: méi streng Strofe fir Täter, méi Schutz fir d’Affer. En neit Gericht, dat op dës Froe spezialiséiert wier, en nationalen Zentrum fir Affer a kloer Rechter fir d’Kanner, déi matleiden.  D’Ana Pinto, Präsidentin vun der Associatioun :
« Ee vun de Gesetzer déi mer elo unbedingt wëllen änneren, ass zum Beispill d’Gesetz vum Sursis, deen 2018 votéiert gouf. Dat heescht, een deen am Cactus ee Kilo Grompere klaue geet, kritt genau sou Sursis wéi een deen ee Kand vergewaltegt, oder eng Fra oder e Mann oder wat och ëmmer. Plus au moins, deen ee kritt e bëssi méi Sursis wéi deen aneren, mee et kritt ee Sursis, wann et déi éischte Kéier ass. Dat ass eis een Dar am Aen, a mer wëllen onbedéngt, dass dat verschwënnt ! »
 
Ee weidere Probleem ass och d'Zäit déi vergeet ier et iwwerhaapt zu engem Prozess kënnt, wéi d’Stéphanie Makoumbou, Affekotin a Member vun der Associatioun erkläert :
« La durée des procédures au Luxembourg est vraiment énorme, j’avais déjà des cas, où des clientes qui sont venues me voir pour porter plaintes contre l’auteur des faits. Et pourtant aujourd’hui on est en 2025, la procédure a commencé en 2019/2020, et on est toujours au stade de l’instruction. La durée des procédures est beaucoup trop longue au Luxembourg. 5 ans pour être aujourd’hui même pas devant le juge et même pas avoir l’assurance que l’auteur des faits sera condamné, c’est terrible. »
 
Den Text vun der Associatioun gëtt scho vun e puer Parteien ënnerstëtzt  an d’Regierung huet am Kader vum nationalen Aktiounsplang géint Gewalt ugekënnegt en Zenter fir Affer ze schafen. D’Stëmm vun den Iwwerliewende fuerdert, datt d’Afferorganisatioun an d’Schafung vun dësem Zentrum mat agebonne soll ginn .

D’Associatioun "La voix des survivant(e)s" huet hir Hausaufgab gemaach. Elo läit d’Verantwortung bei der Politik.