Déi Lëtzebuerger Regierung wëllt bei offiziellen Evenementer verstäerkt op regional Liewensmëttel setzen an de Gaspillage reduzéieren. Dat gouf e Freideg nach eng Kéier am Regierungsrot festgehalen. Potenzial gesäit ee bei der regionaler Produktioun virum allem um Niveau vum Uebst a Geméis. Fir dës besser ze promouvéieren, ass an engem Gesetzesprojet virgesinn, datt méi grouss Zäre gebaut dierfe ginn an d'Subsiden an d'Luucht ginn. Am Secteur verdeedegt een déi Pläng géint Kritik, et gëtt een awer ze bedenken, datt d'Viraussetzunge stëmme mussen, Marc Hoscheid.
05/03/2025 BAND Geméisubau an Zären 12h40 (online)
Am meeschte gelies