
An der däitscher Migratiounspolitik leien d'Union an d'SPD fir den Ament
nach ëmmer wäit auserneen.
Par konter si sech déi potentiell Koalitiounspartner awer déi lescht Deeg
iwwer héich Investitiounen an d'Infrastruktur an an d'Defense eens ginn. Duerfir soll déi berüümt Scholdebrems opgeweecht ginn,
un där déi viregt Regierung schlussendlech zerbrach war.
D'Claire Schmartz mat Detailer vu Berlin.
06/03/2025 Korrespondenz Berlin Schuldenbremse
Däitschland wëll an den nächste Joren massiv an d'Defense
an an d'Infrastrukturen investéieren an duerfir nei Scholde maachen.
Nach ass déi nei Regierung net am Amt
mä setzt schonn Akzenter fir déi nächst Joren.
Gedriwwen vum neie Wand aus dem Wäissen Haus.
Am meeschte gelies