
Dëser Deeg hat d'Horesca, d'Federatioun vun den Hôtellieren, Restaurateuren a Cafetieren op hir traditionell Receptioun invitéiert. Dass et dem Secteur a villen Hisiichte net gutt geet, ass bekannt.
"Fréier war alles besser". Bewosst e bëssche provokativ awer ouni wëllen ze polariséieren, esou huet de General Sekretär vun der HORESCA d'Invitéen wollten zum Nodenken ureegen.


Ech mengen a mir stelle fest, dass de Gaascht vu fréier en aneren ass wéi deen haut. Dat geet u mam Reservéiere vun engem Restaurant, wou mir awer feststellen, dass haut ëmmer manner de Fall ass. Och fréier ass effektiv méi Drénkgeld bezuelt ginn, wann de Service natierlech geklappt huet. Och dat stelle mir fest, dass dat ëmmer manner ass. Eigentlech och déi ganz Iesskultur, déi dach dann awer och net méi esou gelift gëtt wéi dat fréier war.
Beispill de Sonndes Apero?
Wou een dann op den Aperitif gaangen ass, dat ass eng Traditioun, déi et hei zu Lëtzebuerg ëmmer ginn ass. Wou een och emol eng Kéier konnt Damp erausloossen, wou ee sech konnt ënnerhalen, an ech fannen et immens schued, dass dat haut komplett verschwënnt.
Eng Zäit och wou de Secteur haaptsächlech duerch säin Handwierk a säi Kënne gelieft huet, an net dovunner wéi gutt säi Post, Foto oder Video op Social Media ass.
Voilà ech mengen de Social Medai ass natierlech ganz positiv och fir den Horeca an déi ganz Gastronomie. Ass awer net ëmmer nëmmen positiv, wëll oft bleift e ganz schlechte Commentaire jo iwwer Joeren am Internet, an ech mengen all di aner Clienten, déi zefridde waren, ginn do net gehéiert. An och do muss ee sech upassen, a kucke wéi een do eng Léisung fënnt.
An de Gaascht vu muer, wéi gesäit deen dann aus?
De Gaascht vu muer ass nach méi Präis-sensibel, en ass immens fixéiert op dat Digitalt. Et geet haut net méi duer just e Plat ze zerwéieren, et muss e bëssen eng Story hannendru sinn. Et ass och wichteg, dass eis Betriiber sech lues a lues upassen.
De Kulturminister an och Delegéierte fir Tourismus, Eric Thill ass drop agaange fir Tourismus a Kultur nach méi mateneen ze verbannen. Huet ënnerstrach, dass mat all Plat, deen am Restaurant bestallt gëtt an all Iwwernuechtung an engem Hotel Aarbechtsplaze geschaf oder erhale bleiwen.
Grad an dësen Zäiten, ech menge wa mir breet kucken, da schwëtze mir vu 40 000 Arbechtsplazen, deemno den HORECA-Secteur e wichtegen Acteur fir eis Wirtschaft an eist Lëtzebuerger Land. Dofir ass et wichteg och déi Arbechtsplazen ze stäerken, eise Caféen, Restauranten an Hoteler ënnert d'Ärm ze gräifen, an do sinn ech ganz frou, dass mir mat der HORESCA eng ganz gutt Zesummenarbecht hunn.


Niddreg Margen, Personal-Manktem, jee d'Stëmmung an der Branche ass ugespaant, awer nach am positive Beräich, esou war ze verlauschteren. An de Wonsch no guddem Iessen an Drénken, engem exzellente Service, an enger waarmer gaaschtfrëndlecher Atmosphäre wäert ni verschwannen, esou de General Sekretär vun der HORESCA Steve Martellini.
