Haut an engem Mount, den 08. Mee, sinn et op den Dag genee 80 Joer hier, datt Nazi-Däitschland kapituléiert huet. Domadder war den Zweete Weltkrich op mannst an Europa op een Enn komm. Un dat Evenement wäert, wann och net um 08. Mee selwer, och zu Lëtzebuerg erënnert ginn. Ma och iwwert déi Zeremonie eraus gëtt hei am Land weider dorunner geschafft, d'Erënnerung un den Zweete Weltkrich op där enger Säit an d'Bedeitung vun universelle Wäerter op der anerer Säit, mateneen ze verknëppen. An dobäi spillt och den nationale Militärmusée vun Dikrech eng wichteg Roll, Marc Hoscheid.

08/04/2025 BAND Erënnerung Wäerter 2. Weltkrich 07h15 (online)